Internationale FuttballDortmund klappt Leverkusen mat 3:2

RTL Lëtzebuerg
An England verkierzt Manchester City weider de Réckstand op Liverpool wëll den Tabelleleader net iwwert en 0:0 géint Manchester United eraus koum.
© afp

Um Sonndeg gouf an Däitschland, England, Italien, Spuenien a Frankräich gespillt. An och d'Finall vum League Cup an England stoung um Programm.

Bundesliga

Hannover 96 - Eintracht Frankfurt 0:3

Mat engem leeschtungsgerechte 0:0 war et no 45 Minutten an d'Paus gaangen. Keng Ekipp hat um Terrain gréisser Virdeeler, mee Frankfurt hat just e puer Ofschlëss méi déi allerdéngs net all ze geféierlech waren. Hannover dogéint konnt just een Ofschloss an der éischter Halschent verzeechnen.
An der 2. Halschent huet Frankfurt dann awer opgedréint a konnt 3 Goler schéissen. Den éischten ass dem Rebic an der 54. Minutt gelongen. Just 9 Minutte méi spéit war et de Jovic deen no enger Flank vum Kostic op 2:0 erhéije konnt. Kuerz viru Schluss war et dann de Kostic selwer deen no engem Konter de Ball ënnert d'Lat geschoss huet.

Borussia Dortmund - Bayer Leverkusen 3:2

Leverkusen hat ganz staark ugefaangen an hat och direkt e puer gutt Méiglechkeeten mee den 1:0 fir Dortmund an der 30. Minutt hat alles op de Kapp gestallt. No engem Corner vum Sancho huet de Zagadou de Ball an de Gol gekäppt. Nëmme 7 Minutte méi spéit huet Leverkusen awer eng Reaktioun gewisen a konnt ausgläichen. De Volland konnt de Bürki mat engem Schoss an de kuerzen Eck iwwerwannen. Mee Dortmund konnt nëmmen 1 Minutt méi spéit nees den ale Réckstand hirstellen. No enger Flank vum Diallo huet de Sancho de Ball volley an de laangen Eck geschoss.
An der 60. Minutt huet de Götze mat engem flaache Schoss aus 20 Meter op 3:1 gestallt. Dunn huet Leverkusen op den 2:3 gedréckt a sollt an der 75. Minutt duerch e Kappball-Gol vum Tah och belount ginn. Allerdéngs kruten se sech dono keng richteg geféierlech Situatiounen méi erspillt an Dortmund wënnt mat 3:2.

Premier League

Arsenal - Southampton 2:0

Schonn direkt an den éischte Minutten konnt Arsenal dëse Match mat hiren 2 Goler entscheeden. An der 6. Minutt war et de Lacazette no enger Virlag vum Mkhitaryan deen den 1:0 konnt schéissen. An der 17. Minutt war et den Armenier selwer deen den 2:0 geschoss huet.

Manchester United - Liverpool 0:0

Am Kampf ëm den Titel an der Premier League huet Liverpool e weidere Réckschlag erlidden a koum géint Manchester United net iwwert en 0:0 eraus. Domadder steet Liverpool zwar nach ëmmer op der 1. Plaz mee huet just nach e Virsprong vun 1 Punkt op Manchester City.

League Cup: Finall

Chelsea - Manchester City 0:0 (3:4 no Eelefmeterschéissen)

An der regulärer an an der Nospillzäit si keng Goler gefall sou dat schlussendlech d'Eelefmeterschéissen huet missen entscheeden. Kuerz virdrun gouf et awer nach eng kuriéis Situatioun: De Golkipper vun Chelsea, Kepa Arrizabalaga, hat sech blesséiert an den Trainer wollt den 2. Golkipp awiesselen mee de Spuenier huet sech geweigert den Terrain ze verloossen a stoung war soumadder de Golkipp vun Chelsea am Eelefmeterschéissen, dat se dann schlussendlech verluer hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Stade Rennes - Olympique Marseille 1:1

Nodeems den Andre an der 7. Minutt Rennes konnt a Féierung bréngen, war et de Germain deen an der 56. Minutt den Ausgläich konnt schéissen a soumat 1 Punkt fir Marseille retten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atletico Madrid - Villarreal 2:0

De Morata, deen am Wanter vun Chelsea bei den Atletico gewiesselt ass, konnt an der 31. Minutt de wichtegen 1:0 schéissen. An der 88. Minutt huet de Saul Niguez mam 2:0 fir d'Entscheedung gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie

Bologna - Juventus Turin 0:1

Mat engem minimale Resultat huet d'Juventus sech eng Victoire géint Bologna geséchert. Et war den Argentinier Dybala dee senge Faarwen mam Gol 3 Punkte schenke konnt.

Parma - Neapel 0:4

2 Goler vum Milik, 1 vum Ounas an 1 vum Zielinski hunn dëse Match fir Neapel entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO