
Borussia Dortmund - Borussia Mönchengladbach 4:2
Partie huet extrem gutt fir Mönchengladbach ugefaangen, sou dass d’Ekipp fréi géint de Rival Borussia Dortmund mat 2:0 a Féierung gaangen ass. Dëst duerch Goler vum Reitz an der 13. Minutt a vum Koné an der 28. Minutt. Allerdéngs huet Dortmund séier Äntwerte fonnt, konnt an der 30. Minutt op 1:2 duerch de Sabitzer verkierzen an souguer 2 Minutten drop duerch e Gol vum Füllkrug ausgläichen. Kuerz virun Enn vun der éischter Hallschent konnt d’Ekipp souguer a Féierung goen, dat duerch en Treffer vum Bynoe-Gittens an der 45. Minutt. An der 2. Hallschent vum Match ass et Borussia Mönchengladbach net gelongen, nees opzehuelen. Am Contraire, Dortmund ass et nach gelongen op 4:2 z’erhéijen, dat mat engem Gol vum Malen an der 97. Spillminutt.
Werder Bremen - Bayer Leverkusen 0:3
Mat engem Selbstgol an der 9. Minutt ass d’Partie direkt schonn net gutt ugaangen. Hei war et den Deman den Onglécklechen, deen direkt am Ufank vum Spill fir den 0:1-Réckstand gesuergt huet. An der 45. Minutt dunn konnt Leverkusen nach eemol virun der Paus erhéijen, dat dës Kéier duerch a Gol vun engem eegene Spiller, nämlech dem Frimpong. 2:0 aus Siicht vu Bayer Leverkusen no den éischte 45. Minutten. No der Paus war et an der 76. Minutt de Grimaldo deen de Sak zougemaach huet a fir d'3:0-Victoir géint Werder Bremen gesuergt huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Manchester City - Liverpool 1:1
Den englesche Meeschter Manchester City ass e Samschdeg an der Premier League net iwwert e Gläichstand géint d’Ekipp aus Liverpool erauskomm. An der 28. Minutt ass et dem Haarland gelongen, seng Ekipp virun der Paus 1:0 a Féierung ze bréngen. Dat iwwregens mat sengem 50. Gol am 48. Spill an der englescher Liga, sou séier wéi bis ewell nach kee virdrun. Dobäi ass et och bis no der éischter Hallschent vun der Partie bliwwen. Ma Manchester konnt seng Féierung net verdeedegen, dat well den Alexander-Arnold an der 80. Minutt de wichtegen 1:1-Ausgläich fir Liverpool konnt maachen.
Newcastle United - Chelsea 4:1
Newcastle United léisst Chelsea e Samschdeg keng Chance. An der 13. Minutt ass et den Isak, dee fir d'1:0-Féierung suergt. 10 Minutten drop dann, kann Chelsea nach ausgläichen, dat mat engem Gol vum Sterling. Esou ass et och an d’Paus gaangen. Majo aus de Kabinnen eraus, koum net méi vill vun Chelsea, sou dass et souwuel an der 60. Minutt (Lascelles), wéi och an der 61. Minutt (Joelinton) am Gol vun Chelsea gerabbelt huet. An der 83. Minutt huet dunn nach de Gordon wéi den Endstand vu 4:1 fir Newcastle gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Liga Portugal
LINK: Den Iwwerbléck vun der Pro League