JPEED'Spiller hunn ugefaangen, déi olympesch Flam brennt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend war d'Erëffnungszeremonie vun de Spiller vun de klenge Länner zu Budva a Montenegro.

Kuerz virun 22 Auer hunn déi 18. Spiller vun de klenge Länner e Méindeg den Owend zu Budva offiziell ugefaangen. D'Flam gouf vun der Handballerin Bojana Popovic ugefaangen.

D'Spectateure kruten eng flott an deels spektakulär Show gebueden. Et war eng Zäitrees duerch d'Geschicht vu Montenegro. Donieft gouf et musikalesch an och dänzeresch Performancen, montenegrinesche Folklor a bekannte montenegrinesch Sportler waren och mat dobäi.

VIDEO: Impressioune vun der Erëffnungszeremonie
....

Reaktiounen no der Erëffnungszeremonie

Pénktlech zur Erëffnungsfeier huet et opgehale mat reenen, sou datt de Kamil Rychlicki de Lëtzebuerger Fändel am Dréchene konnt an d'Arena erandroen. Nieft ville Lëtzebuerger Sportler waren och d'Spectateuren aus dem Grand-Duché op der Plaz, fir hire Sportler ze applaudéieren.

Magazin JPEE 1 / Reportage Lynn Kayser a Serge Olmo

E Montenegriner, d'Athletenduerf a vill Reen

VIDEO: JPEE 2019: Den Dag, éiert et lass geet
Um Méindeg den Owend ass déi offiziell Erëffnungszeremonie an um Dënschdeg geet et da mat de Competitiounen un.

D'Athletenduerf

Iwwer 850 Sportler a Sportlerinne aus 9 verschiddenen Natioune sinn dëst Joer bei de Spiller vun de klenge Länner a Montenegro mat dobäi. Dorënner och 140 Stéck aus dem Grand-Duché. Si liewen déi nächst Deeg an engem klengen Duerf zu Budva direkt un der Adriaküst.

D'Lëtzebuerger Delegatioun ass an engem groussen Haus ënnerbruecht. Hei haten d'Athleten zanter gëschter Zäit fir sech anzeriichten a sech nach déi néideg Rou ze ginn, ier dann en Dënschdeg d'Kompetitiounen ufänken.

Kamil Rychlicki als Fändeldréier

Ier de Kampf ëm d'Medaile kann ufänken, ass e Méindeg den Owend nach déi offiziell Erëffnungszeremonie an dat trotz dem Reen ënner fräiem Himmel. De Kamil Rychlicki wäert hei de Lëtzebuerger Fändel droen.Fir de Volleyballer ass et eng grouss Éier, datt hien erausgesicht ginn ass, fir d'Lëtzebuerger Delegatioun unzeféieren.

Extrait Kamil Rychlicki (1)

De Volleyballspiller gouf vun der Decisioun vum COSL iwwerrascht, domadder gerecht hate hien nämlech net.

Extrait Kamil Rychlicki (2)

De Montenegriner Ismet Mukovic

Den Ismet Mukovic gouf 1949 an engem klengen Duerf a Montenegro gebuer. 20 Joer méi spéit ass hie geflücht an ass iwwer verschidde Statiounen am Mäerz 1972 op Lëtzebuerg komm.
Am Grand-Duché huet hie sech een neit Liewen opgebaut, ma de Kontakt zu senger aler Heemecht ass ëmmer bliwwen. Nach haut kënnt hien e puer Mol am Joer zeréck a Montenegro a kennt sech do nach ëmmer beschtens aus.

© Christophe Hochard

Vill Reen an onfäerdeg Sitten

Vill Zäit bleift dem Organisateur a senger Ekipp net méi, fir déi verschidde Sitte fir d'Kompetitioune fäerdeg ze kréien.

Aktuell ginn et nach an der Liichtathletik Problemer. Am Stadion ass den Ament kee Wäitsprong an och keen Héichsprong méiglech.

Am Tennis muss een hoffen, datt et déi nächst Deeg ophält mat reenen, soss wäerten hei keng Medaile verdeelt ginn. Eng Méiglechkeet fir ënner Daach ze spille, gëtt et nämlech net.

Back to Top
CIM LOGO