VIDEO AN AUDIO - Euro-MeetÉischte Kéier am Kader vum "LEN-Swimming-Cup" organiséiert

RTL Lëtzebuerg
De Weekend vum 25. Januar ass déi 21. Editioun vum Euro-Meet am Schwammen an der Coque.
Impressioun vum Euromeet 2018
Impressioun vum Euromeet 2018
© pressphoto.rtl.lu

D'Organisateuren hunn et och dëst Joer nees fäerdeg bruecht, fir eng Partie Welt-, Europa- an och Olympiagewënner op Lëtzebuerg ze kréien.

Euro-Meet am Schwammen - Rep. Jean-François Schneiders

Nei ass dëst Joer, dass den Euro-Meet als LEN-Swimming-CUP organiséiert gëtt. Den Euro-Meet mécht dobäi den Optakt vun enger Serie vu Competitiounen, déi dëse Stempel vun der europäescher Schwamm-Federatioun droen. Fir d'Organisateure ronderëm de Meet-Direkter Serge Hollerich ass dat eng zousätzlech Erausfuerderung.

Extrait Serge Hollerich

Den Euro-Meet huet och dëst Joer nees ee ganz héijen internationalen Niveau. Fir déi éischte Kéier ass och d'Nationalekipp aus Italien mat derbäi.

Raphaël Stacchiotti a Rémi Fabiani

Awer och Lëtzebuerger Athlete sinn um Depart, wéi de Raphaël Stacchiotti.

Nieft der staarker internationaler Konkurrenz sinn och eng Partie Lëtzebuerger Athleten dëse Weekend an der Coque um Depart.

VIDEO: Euro-Meet: Portrait vum Rémi Fabiani
Den Euro-Meet gëtt en éischte Kéier am Kader vum "LEN-Swimming-Cup" organiséiert. E Lëtzebuerger Nowuesschwëmmer am Portrait.

Back to Top
CIM LOGO