Spektakulär Biller komme vu Mallorca. D’Ekipp Red Bull-Bora-Hansgrohe ass do am Stage an hat sech eppes Spezielles afale gelooss. Néng Coureuren aus de Ekipp, ënnert hinnen och den drëtte vum leschten Tour de France, den däitsche Florian Lipowitz, hunn hir Kraaft demonstréiert andeems si e Seegelfliger mat hirer Muskelkraaft un d’Fléie bruecht hunn.
D’Coureuren hu bei deem kuerzen, intensiven Effort, zesummen net manner wéi 6.500 Watt Leeschtung produzéiert. En originellen Teambuilding.