DammefuttballEll weider un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de 4. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. D'Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
© Archiv

Op engem gedeelte véierte Spilldag, op deem eng Rei Matcher opgrond vun Ofstellunge fir international Matcher verluecht hu musse ginn, koum et an der Partie Ell géint Mamer zum Spëtzematch. Hei sinn den Tabellenéischten an Tabellenzweeten openeegetraff, woubäi Ell virun der Partie nach ongeschloe war. Dës Serie sollt no dësen 90 Minutte weider Bestand hunn, well Ell sech mat 3:1 géint Mamer duerchsetzt. No 45 Minutte louch d’Lokalekipp schonn 2:0 vir a konnt kuerz no der Paus op 3:0 erhéijen. Mamer ass an der 87. Minutt just nach den Éieregol gegléckt.

Tëscht der Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher (WMG) a Rouspert koum et zum Ostderby. Hei sollt WMG mat 6:0 dat bessert Enn fir sech hunn. Fir Rouspert war déi véiert héich Néierlag, woumat d’Ekipp vun der Sauer elo 0:22 Goler um Kont huet an Tabelleleschten ass.

Den Opsteiger Hesper hat säin éischte Match vun der Saison 6:0 géint Rouspert gewonnen an huet och zu Déifferdeng näischt ubrenne gelooss. Duerch zwee fréi Goler war de Swift séier a Féierung a konnt de Match duerno kontrolléiert mat 4:0 op en Enn bréngen. Fir Déifferdeng war et déi zweet Néierlag an der Saison.

An der onkompletter Tabell bleift Ell als Tabelleleader ongeschloen. D’Entente WMG ass mat siwe Punkten neien Zweete virun Hesper.

D’Matcher Racing géint Jonglënster an Dikrech géint Beetebuerg ginn eréischt den 11. Oktober gespillt.

Back to Top
CIM LOGO