FuttballEuropameeschterschaft 2028 ass a Groussbritannien an an Irland

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'UEFA en Dënschdeg offiziell matgedeelt. D'Finall wäert am Wembley Stadium zu London gespillt ginn.
© AFP

Nodeems d’europäesche Futtballfederatioun d’Demande vu Russland fir béid Turnéier nom Ufank vum Ugrëffskrich op d’Ukrain ofgewisen huet, koum eng brittesch-iresch Demande. D’Ofstëmmung war deemno just nach eng Formsaach, aner Kandidate gouf et nämlech keng.

Fir 2028 sinn d’Plaze scho fix: London (Wembley an Tottenham Hotspur Stadium), Manchester (Etihad Stadium), Liverpool (Everton Stadium), Newcastle (St.James’ Park), Birmingham (Villa Park), Cardiff (Principality Stadium), Glasgow (Hampden Park), Dublin (Aviva Stadium) a Belfast (Casement Park).

Och fir 2032 gouf schonn eng Decisioun geholl. Italien an d’Tierkei wäerten dës EM zesummen organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO