Neie Wuess am Stade Josy BarthelF91 kann net op finanziell Ënnerstëtzung vun der FLF hoffen

RTL Lëtzebuerg
D'FLF wäert sech net un de Käschten bedeelegen, déi den F91 Diddeleng hat mussen opbréngen, fir en neie Wuess am Stade Josy Barthel ze verleeën.
© Sandra Mélan

Dëst virun der Europa League géint Nikosia am November zejoert.

Dat hat ëmmerhin 250.000€ kascht, an den F91 hat bei der FLF, der Stater Gemeng, dem Sportsministère an der Gemeng Diddeleng ëm eng finanziell Ënnerstëtzung gefrot.

D’FLF hätt näischt dermat ze dinn, sot de President Paul Philipp dem Tageblatt géintiwwer.

D’Stad Lëtzebuerg hat ronn 30% bäigeluecht. Op déi aner Äntwerte gëtt nach gewaart.

F91 - NIKOSIA: Neie Wues gëtt schonn dëse Weekend verluecht (22. November 2019)
Stade Josy Barthel: Aarbechte fir d’Verleeë vum neie Wues hunn ugefaangen (23. November 2019)
Trotz neiem Wues: Kann de Match tëscht Diddeleng an Nikosia gespillt ginn oder net?
Volle Kierperasaz: Elo muss schonn den Torschong hierhalen!
Europa League: Diddeleng verléiert onglécklech 0:2 géint APOEL

Back to Top
CIM LOGO