Europa LeagueDiddeleng verléiert onglécklech 0:2 géint APOEL

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend ass Diddeleng fir de Kont vum virleschte Spilldag an der Europa-League-Gruppephas géint Nikosia ugetrueden.
© Cliff Block

Op deem neien an awer déiwen Terrain goung et mat engem éischter onglécklechen 0:2 op der Areler Strooss an d’Paus. De Stolz hat déi bescht Aktioun vun den Diddelenger, ma d’Zypriote konnten awer zweemol markéieren.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschecht am Resumé
Diddeleng huet eng anstänneg 1. Hallschecht gewisen, krut awer 2 Goler kasséiert.

An der 2. Hallschecht huet den F91 op den Uschlossgol gedréckt, ma dee wollt awer einfach net falen. De Sinani huet fir Diddeleng eng weider Kéier Aluminium getraff - dat ronnt Lieder ass awer ni am Filet gelant. Um Enn ass APOEL als Gewënner vum Terrain gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschecht am Resumé
De Sinani huet mat engem schéine Fräistouss d’Lat getraff an ass kuerz drop vum Terrain geflunn.

An der Partie vun de Young Boys Bern ass de Christopher Martins beim Stand vun 1:0 fir d’Schwäizer an der 57. Minutt agewiesselt ginn. Bern huet um Enn 1:2 géint Porto verluer. Dynamo Kiew huet zu Malmö 4:3 verluer, hei war de Gerson Rodrigues 90 Minutten iwwer op der Bänk.

F91 - Nikosia / De Resumé vum Serge Olmo

Diddeleng verléiert onglécklech 0:2 géint APOEL
En Donneschdegowend ass Diddeleng fir de Kont vum virleschte Spilldag an der Europa-League-Gruppephas géint Nikosia ugetrueden.

Déi Diddelenger waren enttäuscht, Nikosia zefridden

Reaktioune vu Spiller an Trainer nom Match
No der Partie stoungen déi Responsabel um RTL-Mikro beim Mike Fandel an Tom Flammang Ried an Äntwert.

F91 Diddeleng - APOEL Nikosia 0:2

0:1 Matic (12'), 0:2 Merkis (43')

No de Baatschen um Terrain géint de Reen, Torschonge fir den Terrain ze dréchnen, ee Stoussgebiet un de Péitruss, datt net nach méi Reen erofkéim, an de sëllege fläissegen Hëllefer, déi an de leschte Stonne virum Match versicht hunn, de Wues an dee beschtméiglechsten Zoustand ze kréien, huet den Arbitter d’Partie pünktlech um 21.00 Auer ugepaff.

0:1-Réckstand duerch Eelefter
D’Zyprioten haten no der 3:4-Heemdefaite géint Diddeleng eppes guttzemaachen an hunn an der 12. Minutt vun enger onglécklecher Aktioun vum Schnell profitéiert. Den Ofwier-Chef krut an engem Duell de Ball un d’Hänn, soudatt den Onparteieschen op de Punkt gewisen huet - 0:1 duerch de Matic!

Den 0:1 fir Nikosia duerch de Matic
An der 12. Minutt hunn d’Gäscht de Score opgemaach.

Schoss op de Potto vum Stolz, kuerz drop: 0:2!
Den F91 huet sech kuerz nom 0:1 gerëselt a sech gläich geschwënn nees gefaangen. Ëmmer nees konnte sech déi Diddelenger offensiv Chancen erausspillen. Am noosten um 1:1 war de Stolz säi Lénksschoss an der 34. Spillminutt, dësen huet awer just de Potto geroden. Géint de Spillverlaf huet APOEL dunn den 2:0 markéiert, de Merkis konnt fir seng Faarwen erakäppen. D’Efforte vun der Ekipp aus der Forge du Sud goufen no den éischte 45 Minutten net belount.

Den 0:2 fir Nikosia duerch de Merkis
Kuerz virun der Paus hunn d’Zyprioten op 2:0 erhéicht.

Comeback nom Téi?
Nom Säitewiessel huet ee gespuert, datt Diddeleng sech nach net opginn hat. Dat néidegt Duerchsetzungsverméigen huet bei der Ekipp aus der Forge du Sud awer bis op der Stonn nach gefeelt - d’Awiesslunge vum Lavie a Bettaieb sollte fir neien Driff suergen. Ma den Äifer vum F91 gouf awer eng Véierelsstonn viru Schluss gebremst, wéi de Stolz op Blessur den Terrain huet misse verloossen.

Réckpass vun Ofwierspiller net beuecht
Relativ kuréis gouf d’Schlussphas agelaut, nämlech mat enger, zwar ongewollter, ma däitlecher Réckpass vun engem zypriotesche Spiller op säi Kipper. De Mann tëscht de Pottoen huet dat ronnt Lieder am Strofraum an de Grapp geholl, ouni datt den Arbitter op een indirekte Fräistouss entscheet huet. An dëser Aktioun war d’Gléck net op der Säit vun de Lëtzebuerger.

Sinani trëfft Aluminium a flitt gläich drop
Vun der 83. Spillminutt u war Diddeleng tëschenzäitlech an Iwwerzuel, dat wéi de Vouros mat Gielrout vum Terrain geflunn ass. De Fräistouss vun dëser Aktioun huet de Sinani mat engem secke Schoss un d’Lat gesat. Domat huet den F91 zweemol Aluminium getraff - den Uschlosstreffer wollt einfach net falen. Bei all den Iwwel koum och nach eng rout Kaart fir de Sinani dobäi.

Um Enn stoung eng ganz onglécklech 0:2-Néierlag um Tableau. Den F91 huet domat den direkte Verglach géint d’Zypriote verluer an um leschte Spilldag keng Chance méi, en Tour weiderzekommen.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO