Wann näischt ënnerholl gëtt, kann de Match tëscht dem F91 an Nikosia en Donneschdeg net am Stade Josy Barthel gespillt ginn.

De Romain Schumacher um Mikro vum Rich Simon

Nach ni gouf esouvill iwwer de Stade Josy Barthel geschwat wéi an de leschte Wochen. An dat geet och nach weider. En Donneschdeg kruten déi Responsabel vum F91 nämlech vun der Uefa gesot, datt op deem Wuess deen elo do läit den Europa League Match den nächsten Donneschdeg géint Nikosia net dierft gespillt ginn. Elo gëtt an den nächsten Deeg een neie Wuess geluecht. Fir de President vum F91 Diddeleng, Romain Schumacher, koum dës Nouvelle net ganz iwwerraschend.

Extrait Romain Schumacher

De Romain Schumacher: Op der enger Säit wësse mir jo schonns zanter datt mir géint Sevilla gespillt hunn, datt den Terrain net an engem extrem gudden Zoustand war. Da wësse mir och, datt d'Federatioun am Match géint Portugal all méigleche Misär hat fir den Terrain an d'Rei ze kréien, fir iwwerhaapt ze spillen. An der Successioun dovunner si mir natierlech an der selwechter Situatioun bliwwen. D'Uefa huet gëschter elo nach eng Kéier ee Spezialist erof geschéckt fir ze kucken. Mir hunn am Fong geholl de Leit déi um Terrain geschafft hunn, dofir hinnen ee grousse Merci,  vertraut datt si den Terrain an d'Rei géife kréien. D'Uefa huet awer elo tranchéiert a gesot, datt muss een neie Wuess geluecht ginn.

Deen neie Wuess kascht ëm déi 150.000 Euro. Eng kloer Garantie, dass deen awer den nächsten Donneschdeg praktikabel ass kruten déi Diddelenger net. Am Fall wou de Match misst verluecht- oder carrement ofgesot ginn, kéint dat eng Strof vu 500.000 Euro fir den Diddelenger Veräin bedeiten.