Den neie Wues am Josy Barthel huet d’Problemer net alleguer geléist. Nee de ville Reen an d’Waasser hu ganz nei Problemer mat sech bruecht ... Den Terrain stoung ënner Waasser an de Risiko bestoung, datt net hätt kéinte gespillt ginn.
Dofir war all Mëttel wëllkomm, fir eben d’Waasser vum Terrain ze kréien. A wat wier do besser, wéi de gudden alen Torschong... Jo, deen deen Dir och doheem benotzt. Den Torschong op de Buedem an d’Waasser opsuckelen. Den Torschong dono iwwert dem Eemer ausdréinen an dat Ganzt nees vu vir... Mä kuckt d’Aktioun einfach selwer am Video.
Duerch den Asaz vun de ville Leit, konnt de Match en Donneschdeg den Owend pénktlech um 21 Auer ugepaff ginn.
Hei fannt Dir de Livestream vum Match F91 Diddeleng-Apoel Nikosia