FuttballFir den EM-Qualifikatiounsmatch Lëtzebuerg - Island ginn et nees Ticketen

RTL Lëtzebuerg
De Stade de Luxembourg ass fir d‘Heemmatcher vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp fir déi ganz EM-Quali eigentlech ausverkaaft.
© Val Wagner

Déi ronn 7.000 Abonnementer, déi am fräie Verkaf waren, sinn all fort. De Rescht vun de Billjeeë si fir d’Supporter vun de Gaaschtekippen, fir d’Fifa, d’Uefa, d’Veräiner vun der FLF, Sponsore sou wéi och nach fir aner Obligatiounen.

Well Island säi Kontingent un Tickete fir de Match vum 8. September um 20.45 Auer net, oder net komplett an Usproch hëlt, huet d’FLF um Mëttwoch de Mëtteg matgedeelt, dass vun en Donneschdeg um 14 Auer un, nach emol eng limitéiert Unzuel un Ticketen op www.FLF.lu an d’Vente geet.

De Block fir d’Gäscht gëtt deemno an e “Famillje-Block” konvertéiert an d’Tickete ginn zu engem méi gënschtege Präis vun 20 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir Kanner (gebuer am Joer 2007 oder méi spéit) ugebueden.

Et heescht also sech bäimaachen an en Donneschdeg um 14 Auer um Internetsite vun der FLF säi Gléck ze probéieren.

Back to Top
CIM LOGO