Soll bis 2029 fäerdeg ginnÉischte Spuetestéch fir neie Sportkomplex zu Hamm gemaach

Lynn Cruchten
Mam éischte symbolesche Spuetestéch ass en Dënschden de Startschoss fir déi nei Sportinfrastrukturen zu Hamm gefall. D'Baggere rullen um 12 Hektar grousse Site.
Éischte Spuetestéch fir neie Sportkomplex zu Hamm gemaach
Mam éischte symbolesche Spuetestéch ass en Dënschden de Startschoss fir déi nei Sportinfrastrukturen zu Hamm gefall. D'Baggere rullen um 12 Hektar grousse Site.

Als éischt gëtt den Terrain preparéiert, ier am Hierscht de Bau vum eigentleche Sportkomplex ufänke kann. Dës éischt Phas kascht ronn 16 Milliounen Euro. De Projet wier dréngend néideg, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, virun allem als Ersatz fir de Stade Josy Barthel. D'Zil ass et, déi nei Infrastruktur zu Hamm bis 2029 fäerdeg ze kréien, wann zu Lëtzebuerg d'Spiller vun de klenge Länner organiséiert ginn.

De Komplex soll ënner anerem e Liichtathletik-Stadion mat 8 Lafbunnen, eng Trainingspist, eng Sportshal vu bal 12.800 Quadratmeter an e Park vun iwwer annerhallwem Hektar ëmfaassen. Fir dës zweet Bauphas sinn iwwer 110 Milliounen Euro am Stater Budget virgesinn.

Kritik kënnt vun de Stater Gréngen. Si stellen zwar net de Besoin un neie Sportsinfrastrukturen a Fro, mee bedaueren, datt de Gemengerot an d'Awunner vun Hamm net genuch an de Projet agebonne goufen. Besonnesch bei de Froe ronderëm Mobilitéit a Verkéier gesi si nach Verbesserungsbedarf.

D'Lydie Polfer verweist op Mesurë fir Verkéiersberouegung a versprécht, d'Auswierkungen op de Quartier géife sou kleng wéi méiglech gehale ginn.

Wann alles no Plang leeft, kënnen déi éischt Athleten d'Anlag am Fréijoer 2029 notzen. De Komplex soll net nëmme besser Konditioune fir Sportler a Veräiner bidden, mee och international Competitiounen zu Lëtzebuerg erméiglechen.

Fannt hei de komplette Pressedossier zum neie Sportkomplex zu Hamm

Back to Top
CIM LOGO