
Beim Biathlon-Weltcup zu Östersund ass d’Victoire bei der Mixed-Staffel e Sonndeg u Frankräich gaangen. D’Fransouse waren ouni Strofronn duerchkomm an no iwwert enger Stonn als Éischt ukomm. Op déi zweet Plaz ass Italien, och ouni Feeler, mat engem Retard vu 25.20 Sekonne komm an déi drëtt Plaz war mat engem Feeler an 1:05.30 Minutt Retard fir d’Ekipp vun Norwegen.
Am Single-Mixed hat sech e puer Stonne virdrun Schweden d’Victoire geséchert, dat mat 19.10 Sekonne Virsprong virun dem Zweeten Norwegen a 37.30 Sekonne virum Drëtte Frankräich.