Si sinn d'Häerz vum Spill, suerge fir Stëmmung an déi néideg Ënnerstëtzung fir hir Ekippen - d'Futtball-Fans vun iwwerall aus der Welt. An och si sinn der extremer Hëtzt ausgesat. Dacks och wärend enger vill méi laanger Zäitspann, well si schonn eng Urees hunn, fir bis an de Stadium ze kommen an dacks och nach Zäit mat waarde verbréngen, ier et lassgeet.
An den USA sinn zum Beispill dräi Stadien iwwerdaacht a klimatiséiert (Zu Houston, Atlanta an Dallas). An trotzdeem ginn Fuerscher vum Londoner Imperial College dovunner aus, dass all véierte Match ënnert geféierleche Wiederkonditioune gespillt kéint ginn. Et trëfft awer och net jidderee gläich.
"Zu Miami erwaarde mir Temperaturen vun ongeféier 35 Grad Celsius an eng Fiichtegkeet vu bis zu 75 Prozent. An dat ass een immense Stress fir de Kierper", seet den Dr. Joe Costello vun der Universitéit Portsmouth a Süd-England. Hien huet mat sengem Team d'Konditiounen am Kader vun engem Experiment nogestallt, déi d'Spectateuren kéinten a Miami erliewen.
Iwwert d’Spiller gëtt vill geschwat, iwwert d’Fans an deene selwechten Temperaturen manner. D'Fans mussen zwar keng sportlech Héchstleeschtung vollbréngen, sinn awer och keng Héichleeschtungssportler an souguer dacks méi vulnerabel. Virun allem Fans, déi déi waarm Temperature guer net gewinnt sinn. "Et wäert Natioune ginn, wou d’Fans besser wäerten ugepasst sinn un déi spezifesch Klima-Konditiounen. Vill Fans, wéi déi, déi aus England, oder Schottland kommen, wäerten net akklimatiséiert sinn. Et ass ganz wichteg, dass d’Fans an de Schied ginn a genuch Waasser drénken", präziséiert den Dr. Joe Costello.
"D’Spiller hu Gléck, si kommen e puer Wochen am viraus un an hire Kierper ka sech un d'Hëtzt upassen. Vill vun de Fans, Leit wéi du an ech, hu keng Preparatioun, mee déi selwecht Bedéngungen", seet den Tom Williams, deen um Experiment matmécht. D'Spiller ginn och professionell betreit an iwwerwaacht.
D’Gewerkschaft vun de Fussballspiller plädéiert fir ee Riichtwäert nodeem d'Matcher kënnen ofgesot ginn, wann et ze waarm ass. D'FIFA huet Stand elo näischt an deem Kader ënnerholl, huet awer de Fans erlaabt, kleng Plastiksfläsche mat an de Stadium ze huelen. A fir d'Spiller gëtt et zwou zousätzlech Drénkpausen ëm déi 22. Minutt an ëm déi 67. Minutte. Eng Mesür, déi net ganz onëmstridden ass.