Futtball InternationalGerson Rodrigues ënnerschreift fir 2 Joer a Japan

RTL Lëtzebuerg
De Gerson Rodrigues wiesselt vu Sherrif Tiraspol a Moldawien bei Jubilo Iwata a Japan.
© Jubila Iwata

De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller wäert déi nächst 2 Joer an der J-League, der ieweschter Divisioun a Japan spillen, dat huet de Spiller RTL géintiwwer confirméiert. Den 23 Joer ale fréiere Spiller vun der Fola hat mat sengem moldawesche Veräin dës Saison de Championstitel gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO