Lëtzebuerger TennisfederatiounGilles Muller gëtt neien Davis-Cup-Kapitän

RTL Lëtzebuerg
D'Karriär no der Karriär vum Gilles Muller hëlt weider Formen un.

Déi Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet e Freideg matgedeelt, datt de beschten nationalen Tennisspiller vun allen Zäiten neien Davis-Cup-Kapitän gëtt. E Méindeg gëtt déi fréier Nummer 21 op enger Pressekonferenz virgestallt.

De 35 Joer ale Muller iwwerhëlt dee Poste vum Johny Goudebour.

Back to Top
CIM LOGO