Internationale FuttballInter klappt Lazio, Wolfsburg a Gladbach spille Gläich

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Frankfurt géint Köln gewonnen. A Frankräich muss Metz eng Néierlag verdauen. An an der Premier League huet United Punkte leie gelooss.
© AFP (ARCHIV)

Um Sonndeg sinn erëm eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Asaz. Den Iwwerbléck vun Deville a Co. fannt Dir hei. An och de Leandro Barreiro huet um Sonndeg vu sech schwätze gedoen.

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - FC Köln 2:0
1:0 Silva (57'), 2:0 Ndicka (79')

Frankfurt ass a bleift d’Ekipp vun der Stonn an der däitscher Bundesliga. Frankfurt hat an der 1. Hallschent duerch de Younes a Kamada gutt Chancen, mee virum Gol huet d’Prezisioun gefeelt, sou dass et mat engem glécklechen 0:0 aus Kölner Siicht an d’Paus gaangen ass. Nom Téi huet SGE dunn awer méi effizient gespillt an esou war et de Silva mat sengem 18. Gol an dëser Saison, deen de Grondstee fir d’Victoire gesuergt huet. Köln ass an der Schlussphas e bësse besser an de Match komm, éier den Ndicka den Deckel drop gemaach huet. Domat bleift d’Eintracht am Joer 2021 weider ouni Néierlag.

VFL Wolfsburg - Borussia Mönchengladbach 0:0

Bei bis zu -15 Grad hate béid Ekippen hir Schwieregkeeten, an der Volkswagen Arena esou richteg op Temperatur ze kommen. Weder Gladbach nach Wolfsburg hu sech gréisser Chancen eraus konnte spillen. Bei béide Formatioune stoung déi lescht Rei relativ stabil, sou dass dëse Match mat engem 0:0-Gläich op en Enn geet. E Punkt, mat deem de VFL wuel besser liewe ka wéi Gladbach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Southampton - Wolverhampton 1:2
1:0 Ings (25'), 1:1 Neves (53'), 1:2 Neto (66')

West Bromwich - Manchester United 1:1
1:0 Diagne (2'), 1:1 Fernandes (44')

Beim Zweetleschten huet Manchester United um Sonndeg Plomme leie gelooss. No net mol 2 Minutte louch de Favorit mat 0:1 a Réckstand. Nom Gol vum Diagne hunn d’Red Devils laang gebraucht, bis si sech zwéngend Golchancen eraus spille konnten. Kuerz virun der Paus huet de Fernandes dunn den 1:1 markéiert. Och nmo Téi huet Manchester United net dat gespillt, wat si kënnen, an esou geet de Match mat engem 1:1-Remis op en Enn. E Réckschlag am Kampf ëm de Champion’s Titel. Fir West Brom war et dogéint e wichtege Punkt fir d’Klass ze halen.

Arsenal London - Leeds United 4:2
1:0 Aubameyang (13'), 2:0 Aubameyang (41'), 3:0 Bellerin (45'), 4:0 Aubameyang (47'), 4:1 Truijk (58'), 4:2 Costa (69')

E geckege Match hu béid Ekippen de Spectateuren Doheem virun der Tëlee gebueden. Eleng den Aubameyang huet sech 3 an de Spillbou agedroen. Zu dësem Zäitpunkt ware 47 Minutte gespillt an Arsenal louch mat 4:0 a Féierung. Dono huet Leeds op eemol ugefaange mat Futtball spillen an hu mam Truijk a Costa nach emol fir Spannung gesuergt. An de Schlussminutte war et e Match mat openee Viséier, bei deem d’Gunners hire Virsprong awer iwwert Zäit sollte bréngen.

FC Everton - FC Fulham 0:2
0:1 Maja (48'), 0:2 Maja (65')

Eng verdengten Néierlag fir Everton géint Fulham.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AS Roum - Udinese Calcio 3:0
1:0 Veretout (5'), 2:0 Veretout (25'), 3:0 Pedro (90+3')

D’AS Roum bleift no der souveräner Victoire géint Udinese Calcio am Spëtzegrupp vun der Serie A stoen. Mann vum Dag war de Veretout mat 2 Goler an deenen éischte 25 Minutten. Calcio hat de ganze Match iwwer kee richtegen Zougrëff a geet domat verdéngt als Verléierer vum Terrain.

Inter Mailand - Lazio Roum 3:1
1:0 Lukaku (22'), 2:0 Lukaku (45'), 2:1 Escalante (61'), 3:1 Martinez (64')

Inter ass an der 1. Hallschent virun allem a Persoun vum Lukaku ëmmer erëm geféierlech virum Gol vun de Réimer opgedaucht. Sou huet de Stiermer vun Inter dann och 2 mol agenetzt. Nom Uschlossgol vum Eccalante an der 61. Minutt huet Lazio nach emol kuerz Hoffnunge gehat. Dëst sollten awer net vu laanger Dauer sinn, huet de Martinez nëmmen 3 Minutte méi spéit fir kloer Verhältnisser gesuergt. Mam 3:1 sollt de Match dann och op e Enn goen. Mat dëser Victoire ass Inter erëm éischten an der Serie A.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AS Monaco - FC Lorient 2:2
0:1 Moffi (7'), 1:1 Ben Yedder (48'), 1:2 Moffi (62'), 2:2 Ben Yedder (93+3')

Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann Lorient d’Iwwerraschung zu Monaco kéint geléngen. No 2 Goler vum Moffi louch de Gaascht bis zu 93. Minutt a Féierung. Dunn huet awer de Ben Yedder zougeschloen an de Monegassen wuertwiertlech an der leschter Minutt nach 1 Punkt gerett. E verdéngten awer gläichzäiteg gléckleche Punkt fir d’Ekipp vum Nico Kovac.

FC Metz - Stroossbuerg 1:2
1:0 Delaine (17'), 1:1 Thomasson (33'), 1:2 Thomasson (84')

No der Féierung vum Delaine an der 17. Minutt ass Stroossbuerg duerch den Thomasson nach virum Gang an d’Kabinnen zeréck an de Match komm. An der 84. Minutt war et dunn alt nees de Thomasson, deen den entscheedende Gol vum Dag markéiere konnt. Den Detail vum Match Metz- Stroossbuerg kënnt Dir bei eise Kolleege vu RTL 5minutes noliesen.

OSC Lille - Stade Brest 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Getafe - Real Sociedad 0:1
0:1 Isak (30')

An engem Match ouni wierklech Chancen huet de Isak den an der 30. Minutt quasi mat der eenzeger richteg geféierlecher Aktioun am ganze Match de gëllene Gol fir Real Sociedad markéiert. Si bleiwen domat op Tuchfühlung zu de Champions League Plazen.

Real Madrid - FC Valencia 2:0
1:0 Benzema (12'), 2:0 Kroos (42')

Real Madrid ka mam 2:0 iwwer Valencia déi 3. Victoire um Stéck feieren. Duerch Goler vum Benzema a Kroos konnten déi Kinneklech de Grondsteen an der 1. Hallschent leen. Real bleift domat op der 2. Plaz an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO