
An der “Bild am Sonntag” steet de Leandro Barreiro an der “Elf des Tages”. No senger gudder Leeschtung um Samschdeg beim 2:2-Gläich vu Mainz géint Leverkusen huet de Lëtzebuerger domat eng weider Kéier op sech opmierksam gemaach.
Beim Stand vun 0:2 hat de Leandro Barreiro, deen an der 83. Minutt ausgewiesselt gouf, eng super Chance den Uschloss ze schéissen, ma säi Schoss goung awer iwwert d’Lat. An de Schluss-Minutten huet Mainz dunn nach aus engem 0:2 een 2:2 gemaach.
Den Iwwerbléck vun deenen anere Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir hei.