
Schonns an der 10. Minutt hätten d’Jonge vum Trainer Dan Huet duerch de Fabio Cerqueira Martins kënnen a Féierung goen, ma de Spiller vun der Fola huet säin Eelefmeter verschoss.
An der 41. Minutt krut den Aserbaidjan dunn och en Eelefmeter zougesprach. Den Akhundzade huet et besser gemaach a konnt seng Faarwen a Féierung bréngen.
Eng Reaktioun vun de jonke Lëtzebuerger huet awer net laang op sech waarde gelooss, well nach virun der Paus konnt de Rayan Berberi fir Lëtzebuerg ausgläichen.
An der zweeter Hallschent konnt de Leon Elshan en zweete Lëtzebuerger Gol markéieren. An der Schlussphas gouf et dunn awer nach eemol eng kal Dusch, well de Yohann Torres an der 88. Minutt e Selbstgol markéiert huet. Mee domat war et net genuch, well de Salyanskiy huet an der 91. Minutt esouguer nach fir 3:2-Schlussresultat gesuergt.
No der Optaktvictoire am September géint Nordirland hunn déi jonk Rout Léiwe géint England, d’Ukrain an en Dënschdeg den Aserbaidjan dräi batter Néierlage missen astiechen.