Paralympesch SpillerKatrin Kohl iwwer 100 Meter Rennrollstull qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Paralympics si vum 28. August bis den 8. September zu Paräis a Frankräich.
© LPC

Nieft dem Tom Habscheid ass och d’Katrin Kohl bei de Paralympics zu Paräis mat dobäi. Dat gouf um Mëttwoch offiziell matgedeelt. D‘Sportlerin vun Dikrech geet an der Liichtathletik iwwer 100 Meter Rennrollstull un den Depart.

D‘Katrin Kohl huet vun enger Wildcard profitéiert. Et sinn hir éischt Paralympics.

PDF: Schreiwes vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité

Back to Top
CIM LOGO