Serie Sportler a Corona-Zäiten (22)Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéieren

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir, wéi den Eric Glod sech fit hält.
Den Eric Glod kann a Schweden weider trainéieren
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir, wéi den Eric Glod sech fit hält.

Nodeems den Eric Glod säi Bachelor-Studium zu Wien ofgeschloss huet, ass den Dëschtennis-Profi a Schweden geplënnert an trainéiert do zanter e puer Méint an engem bekannten Trainingszenter. An Zäite vun der Corona-Kris ass dat sportlech gesinn en Avantage. Am skandinavesche Kinnekräich gëtt et aktuell kee Confinement an den Eric Gold kann aneschters ewéi vill vu senge Konkurrenten all Dag trainéieren.

Eslöf ass eng Stad am Süde vu Schweden, ronn 40 Kilometer mam Auto vu Malmö an huet 20.000 Awunner. D’Liewe schéngt hei och wärend der sanitärer Kris vergläichsweis normal weiderzegoen.

Déi schwedesch Regierung setzt éischter op gesonde Mënscheverstand ewéi op Restriktiounen. Dofir gesäit et am Stadzentrum vun Eslöv dann och ganz anescht aus ewéi deen zu Lëtzebuerg.

Am Stadkär vun Eslöf ass nach alles op, zum Beispill d’Caféen an d’Restauranten. D’Leit sinn op der Strooss. Et geet einfach riicht virun hei.

An den Trainingshale ginn et wuel kleng Restriktiounen, et dierfen nëmmen 2 Koppele gläichzäiteg matenee spillen, mä den Eric Gold kann ouni Problem 1 Mol den Dag un den Dësch.

Domadder ënnerscheeden ech mech vun 90 Prozent vun den aner Dëschtennis-Profien an Europa, déi net dierfen trainéieren. Schweden ass eent vun deenen eenzege Länner, dat net am totale Lockdown ass. Dat ass gutt fir mech, mä ob et richteg ass, fir de Virus ze bekämpfen, weess ech net.

Angscht huet den Eric Glod awer net, dat well de 26 Joer alen Athlet och déi néideg Hygiène praktizéiert. Als Sportzaldot ass den Eric Glod och finanziell ofgeséchert, trotzdeem ass sech d’Lëtzebuerger Nummer 1 sécher, dass d’Kris Repercussiounen op de Proficircuit a virun allem op Dëschtennisveräiner wäert hunn. Mä net nëmmen.

Déi bedenken, déi ech fir d’Sportswelt hunn, hunn ech och fir déi ganz Welt. Déi ekonomesch Situatioun a ville Länner ass desolat an ech froe mech, ob mir erëm eng Kéier an eis Normalitéit kënne fannen.

Den Eric Glod huet Enn Mäerz bei de Spanish Open säi leschten offizielle Match gespillt. Wéini et weidergeet, ass nach net gewosst. Mee d’Nummer 210 op der Welt verléiert säin Zil net aus den Aen. An dat sinn d’Olympesch Spiller 2021.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn

Back to Top
CIM LOGO