Den Alex Kirsch huet zanter Paris-Nice, wéi sou vill aner professionell Coureuren, eng Paus, eng ongewinnte Situatioun fir de Klassiker-Spezialist vun Trek-Segafredo, deen awer zu dësem Moment dovu profitéiert, méi doheem ze sinn.
Am Moment maache sech d’Leit am allgemenge Gedanken, wéi et no der sanitärer an ekonomescher Kris weidergeet. An der Ekipp vum Alex Kirsch probéiert een, vill mat de Sportler a Kontakt ze sinn, fir se sou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen.
Den Training leeft am Moment e bësse méi roueg a manner intensiv mam Wëssen, datt et Enn der Saison bis an den Hierscht eran e bemol ganz vill Coursse kéinte ginn. Bis de Peloton nees emol op de Stroosse rullt, dauert et nach eng Zäit. Zäit, an där den Alex Kirsch probéiert, d’Batterien nach emol richteg ze lueden, fir dann nees a sengem Beruff wichteg Aufgaben kënnen ze erfëllen.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank