Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir, wéi de Bob Haller sech fit hält.
No perséinlech Réckschléi an der enger oder anerer Blessur huet de Bob Haller dës Saison all seng Energie an d'Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller gestach. Nodeems déi elo e Joer no hanne verréckelt gi sinn, huet den Triathlet endlech erëm Zäit e bëssen, fir no sech ze kucken an seng Zukunft als Sportler nei ze iwwerdenken.
Bis Mëtt Mäerz war de Bob Haller voll am Qualifikatiounsstress fir Tokyo. Nodeems hie mat groussem finanziellen Opwand aus Australien heem op Lëtzebuerg komm ass, huet den Triathlet sech fir d'Zukunft nei orientéiert. Den Bob Haller huet sech nämlech vu senger Trainingsgrupp a Portugal getrennt a gëtt aktuell vum Nationalcoach Thomas Andreos an Zesummenarbecht mam Liphs betreit. Decisiounen, déi e grad da kann huelen, wann een e bëssen Zäit huet, déi leschte Jore ze reflektéieren.
De Bob Haller, Top 100 am Olympiaranking, erkläert:
"Déi Méint, déi ech nom Doud vu mengem Papp an menger Blessur verluer hunn, kréien ech erëm an hu sou méi Chancen, meng Plaz op den Olympesche Spiller ze sécheren."
Ausser schwammen, kann de Bob Haller de Moment alles trainéieren. Den COSL-Athlet hält sech awer och mat Kraafttraining a Yoga fit a probéiert och mental weider ze evoluéieren. Et gëllt sech prett ze halen a sech kënnen ze adaptéieren, wann d'Competitiounen erëm lass ginn. Bis den 1. Juli ass de Moment alles ofgesot, doriwwer eraus ginn et weider eng Rëtsch Inconnuen, esou de Bob Haller:
"Wann et awer sou weider geet, da wäert et bis September/Oktober dauere bis d'Competitiounen nees ufänken. A mir wëssen dann och net, wéi dës Competitioune wäerten ausgesinn, ob se fir d'Qualifikatioun zielen oder net an ob all d'Athlete fräi sinn ze reesen an och matzemaachen."
Natierlech bleift d'Ongewëssheet fir d'Zukunft. Finanziell ass den Triathlet iwwert de COSL, d'Arméi a seng Sponsoren ofgeséchert. De Bob Haller probéiert dofir, d'Zäit esou gutt ewéi méiglech ze notzen, fir besser ze ginn a fir vläicht nach aner Talenter u sech ze entdecken.
D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien
Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän
Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach
Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär?
Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet
Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil
Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-Veräin
Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinn
Serie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren Zäiten
Serie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativ
Serie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d'Ekippesportler
Serie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am Gaart
Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament
Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D'Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher