
Een Dag nom leschte Spilldag an der däitscher Bundesliga hat dem Leandro säi fréiere Veräi Mainz den Depart vum Lëtzebuerger Nationalspiller confirméiert. Och de “Sportvorstand” Christian Heidel hat bestätegt, datt all Schratt mam neie Veräi Benfica ofgeschwat a koordinéiert war.
E Sonndeg den Owend ass de Barreiro an deem Kontext an der portugisescher Haaptstad ukomm. Et kéint deemno sinn, datt den neie Kontrakt vum Lëtzebuerger Nationalspiller an den nächsten Deeg beim SL Benfica presentéiert gëtt.
RTL-News: Transfert bestätegt: Leandro Barreiro verléisst Mainz Richtung Benfica Lissabon