
Am éischte Simple krut d'Eléonora Molinaro et mam Theresa Van Zyl ze dinn. De jonk Lëtzebuergerin ass direkt richteg gutt an de Match komm, si konnt déi éischt 4 Jeue gewannen, ier d'Südafrikanerin een éischt Jeu gewanne konnt. Am Uschloss goung den éischte Saz dunn och héichverdéngt un d'Spillerin vun der Schéiss, dat mat 6:1. Zum Ufank vum zweete Saz konnt d'van Zyl du besser mathalen, um Enn war d'Lëtzebuergerin awer och am 2. Saz net ze stoppen an esou goung och dësen un d'Molinaro an zwar mat 6:2. Domat goung Lëtzebuerg hei mat 1:0 a Féierung.
An der zweeter Partie war et dunn un der Lëtzebuerger Nummer 1, dem Mandy Minella. D'Lëtzebuergerin, déi op Plaz 99 an der Weltranglëscht steet huet hei misse géint d'Nummer 488, d'Chanel Simmonds untrieden. Tëscht 2010 an 2011 stounge béid Spillerinne sech schonns dräimol géigeniwwer an allkéiers konnt d'Lëtzebuergerin als Gewënnerin vum Terrain goen. E Mëttwoch sollt dat net aneschters goen. D'Mandy Minella huet de Match vun Ufank un dominéiert a konnt den éischte Saz ganz kloer mat 6:1 gewannen. Och den zweete Saz goung un déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora, dat och mat 6:1, esou dass Lëtzebuerg op 2:0 stelle konnt an esou schonns virum Dubbel sécher gewonnen hat.
Am Dubbel hu sech d'Laura Correia an d'Claudine Schaul dunn awer misse mat 1:6 an 2:6 géint d'Chanel Simmonds an d'Madrie Le Roux geschloe ginn. Um Enn wënnt Lëtzebuerg also hiren éischte Match mat 2:1 géint Südafrika.
En Donneschdeg kréie Mandy Minella a Co. et mat Portugal ze dinn an e Freideg heescht de Géigner dann och nees vu 16 Auer un Israel.
FOTOGALERIE: Impressiounen op Pressphoto.rtl.luAm zweete Match am Grupp B konnt sech Israel mat 2:1 géint Portugal duerchsetzen. D'Lina Glushko konnt den éischte Punkt fir d'Ekipp aus Israel markéieren, dat duerch hir Victoire am Simple géint d'Maria Fonte. D'Dammen aus Portugal konnten den zweete Simple awer gewannen an esou ass d'Decisioun am Dubbel gefall. Zwar goung den éischte Saz un d'Koppel aus Portugal, ma um Enn konnt Israel nawell gewannen.

Scho méi fréi e Mëttwoch konnt sech am Grupp A Éisträich mat 2:1 géint Tunesien duerchsetzen. No den éischten zwee Simplë stoung et 1:1, fir Éisträich hat d'Julia Grabher gewonnen a fir d'Tunesien d'Ons Jabeur. Den entscheedenden Dubbel konnten dono d'Barbara Haas an d'Melanie Klaffner fir Éisträich gewannen.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Lëtzebuerg - Südafrika - Israel - Portugal
FOTOGALERIE: Andréck vum Match Éisträich-Tunesien