Minsk 2019: BilanLëtzebuerger Delegatioun kënnt mat 3 Medailen heem

RTL Lëtzebuerg
Déi 2. Editioun vun den Europa Spiller sinn um Sonndeg den Owend op en Enn gaangen. D'Lëtzebuerger Delegatioun ka mat de Resultater méi wéi zefridde sinn.
D'Europaspiller ware fir d'Lëtzebuerger een Erfolleg
D’Lëtzebuerger Athleten hunn a Wäissrussland Grousses geleescht.

Mat 3 Medaile kann d’Lëtzebuerger Delegatioun vun den Europaspiller vu Minsk zefridden heemkommen - wuel dee gréissten Optimist hätt net domadder gerechent. Déi zweeten European Games waren aus Lëtzebuerger Siicht ee volle Succès.

De Rich Simon kuckt op d’Europaspiller zeréck (2)

D’Ni Xia Lian war déi éischt déi iwwerhaapt fir Lëtzebuerg eng Medail op de European Games konnt gewannen. Si bréngt Bronz mat heem. An och de Gilles Seywert huet am net olympesche Bou Sëlwer gewonnen - an hei war déi komplett Weltelite mat derbäi.

Fir den Ofschloss um Sonndeg huet d’Jenny Warling nach eng Bronzemedail gewonnen.

Am Medailespigel bedeiten dës Leeschtungen déi 38. Plaz ënnert 50 Natiounen, déi zu Minsk bei den Europaspiller mat dobäi waren.

Back to Top
CIM LOGO