An der Partie géint LiverpoolLëtzebuerger Nationalgolkipp mat Laserpointer geblennt

RTL Lëtzebuerg
Fotoen an de soziale Medie weisen, wéi den Anthony Moris an Déngschter vun der Union Saint-Gilloise mat engem Laserpointer geblennt gouf.

Vill Futtballfans am Internet respektiv op der Plattform X reege sech iwwert dësen Tëschefall op. Verschiddener ginn esouguer esouwäit a fuerderen net just fir dës Partie, mä global, wann esou en Tëschefall zu engem Feeler vun engem Golkipp sollt féieren, misst d’Partie nei gespillt ginn.

Op der Säit Anything Liverpool op der Plattform X gëtt sech dann och iwwert dësen Tëschefall opgereegt, obwuel dësen Aktioun wuel vun engem eegene Fan ausgeléist gouf. De Veräin selwer muss elo no dëser “Hëllef” vun engem vun hire Supporter mat enger Geldstrof rechnen.

Back to Top
CIM LOGO