Éierepromotioun D'Fola klappt Kanech, kee Gewënner tëscht Péiteng a Bieles

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war an der Éierepromotioun de 6. Spilldag. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
© Archiv

An der Owespartie krut et d'Fola Esch virun eegenem Public mat der Jeunesse Kanech ze dinn. No 45 Minutte stoung et 0:0-Gläich. D'Kanecher haten déi besser Geleeënheeten, ware virum Gol awer net effizient genuch.  An 34. Minutt krut de Valentin Roulez no enger Noutbrems déi Rout Kaart gewisen, huet also ronn 55 Minutten an Ënnerzuel misse spillen. Dëst huet d'Fola an der zweeter Hallschent äiskal ausgenotzt a gewënnt mat 2:0. Domat steet d'Fola an der Tabell elo op der 2. Plaz.

De Leader an der Tabell Rodange huet auswäerts zu Monnerech missen untrieden, wou e sech no 90 Minutten konnt mat 1:0 duerchsetzen a domat weider op der 1. Plaz mat aktuell 14 Punkte steet. De Gol vum Dag huet de Sylvain Atieda an der 24. Minutt geschoss.

Mamer ka sech no enger staarker zweeter Hallschent duerch 2 Goler vum Chibani mat 2:0 géint Feelen duerchsetzen a steet an der Tabell elo punktgläich mat Feelen op der 4. Plaz.

Péiteng a Bieles spillen 3:3-Gläich. Bieles louch no 22 Minutten duerch 2 Goler vum Bonet fréi a Féierung, éier Péiteng de Match no 58. Minutte sollt komplett dréinen. De Bonet huet mat sengem perséinlechem drëtte Gol an der 74. Minutt fir 3:3-Schlussresultat gesuergt.

Eng weidere Match mat ville Goler hunn d'Spectateuren zu Beetebuerg konnte suivéieren. D'Lokalekipp muss sech um Enn awer mat 4:5 géint Luxembourg City geschloe ginn.

Am Tabellekeller krut Marisca Miersch mat Réimech Bous ze dinn. Miersch huet bis op e Gläichspill géint Luxembourg City um 4. Spilldag nach all Match verluer gehat, stoung deemno virum Match géint Réimech Bous, den 13. an der Tabell, ënner Zuchzwang. De Match ass awer denkbar schlecht fir d'Lokalekipp ugaangen. No engem Ballverloscht ronn 30 Meter virum eegenem Gol konnt de Imad Djelloul Khedda mat senge 3. Gol an dëser Saison an der 3. Spillminutt d'Gäscht a Féierung bréngen. Mersch a Co. ware wuel beméit den Ausgläich ze markéieren, bis op e Schoss op d'Lat waren awer net wierklech vill 100% Chancen dobäi. Marisca Miersch verléiert mat 0:1 géint Réimech Bous a bleift mat 1 Punkt weider op der leschter Plaz an der Tabell iwwerdeems Réimech Bous elo bei 7 Punkte steet.

Back to Top
CIM LOGO