Internationale FuttballManCity kasséiert éischt Néierlag

RTL Lëtzebuerg
Arsenal an Tottenham profitéiere vun der Néierlag vu ManCity a sinn a Lauerstellung. An Italien schléisst Neapel zum Féierungsduo aus Mailand op.
De Ruben Dias schéisst de Ball an den eegene Gol.
De Ruben Dias schéisst de Ball an den eegene Gol.
© AFP

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei. Aus Lëtzebuerger Siicht war just de Leandro Barreiro mat Mainz am Asaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Bournemouth - Arsenal London 0:4
0:1 Saka (17'), 0:2 Odegaard (44', Eelefmeter), 0:3 Havertz (53', Eelefmeter), 0:4 White (90'+3)

De Vize-Meeschter Arsenal huet seng Aufgab zu Bournemouth souverän geléist an der Lokalekipp keng Chance gelooss. Direkt déi éischt Golchance war dobannen a kuerz virun der Paus hunn d’Gunners vun engem Eelefmeter-Kaddo profitéiert. De selwechten Zenario sollt sech kuerz no der Paus widderhuelen. Och uschléissend huet Bournemouth net vill op den Terrain bruecht an Arsenal ass an der Nospillzäit nach de véierte Gol gelongen.

Manchester United - Crystal Palace 0:1
0:1 Andersen (25')

Manchester United kasséiert schonn déi véiert Néierlag an der Premier League. ManU hat déi éischt 45 Minutte wuel méi Spillundeeler, mee d’Kreativitéit huet gefeelt. Dovun huet Crystal Palace profitéiert an no engem Fräistouss den decisive Gol markéiert. An der zweeter Hallschent haten d’Red Devils wuel e puer gutt Golgeleeënheeten, mee de Ball wollt de Wee an de Filet net fannen.

Wolverhampton - Manchester City 2:1
1:0 Dias (13', Eegegol), 1:1 Alvarez (58'), 2:1 Hwang (66')

Obwuel Manchester City de Match zu Wolverhampton dominéiert huet, verléieren d’Skyblues hiren éischte Match vun der Saison. D’Wolves haten an der éischter Hallschent zwar net eng Kéier op de Gol geschoss, louchen awer a Féierung, well dem Ruben Dias en Eegegol ënnerlaf war. Nom Säitewiessel huet ManCity weider de Match gemaach a konnt an der 58. Minutt verdéngt ausgläichen. No enger Golchance fir Manchester ass Wolverhampton e Konter gelaf, deen de Hwang propper ofgeschloss huet. Am Uschloss ass ManCity näischt méi gegléckt.

Tottenham - Liverpool 2:1
1:0 Son (36'), 1:1 Gakpo (45'+4), 2:1 Matip (90'+6, Eegegol)

An enger turbulenter Partie huet sech Tottenham schlussendlech géint Liverpool behaapt a steet elo op Plaz 2 hanner Manchester City. De Match war 24 Minutten al, wéi de den Jones op Liverpooler Säit mat Rout vum Terrain gesat gouf. Liverpool krut an der 35. Minutt e Gol no VAR-Check oferkannt an Tottenham direkt am Géigenzuch den 1:0 geschoss. D’Reds konnten awer nach virun der Paus an Ënnerzuel ausgläichen. Am zweeten Duerchgang huet mam Diogo Jota e weidere Liverpool-Spiller méi fréi mussen dusche goen an Tottenham huet déi duebel Iwwerzuel ausgenotzt. Den Allison konnt zwar e puer gutt Aktioune weisen, mee an der Nospillzäit ass dem Joel Matip en Eegegol ënnerlaf, deen de Match zu Gonschte vun de Spurs decidéiert huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lecce - Neapel 0:4
0:1 Ostigard (16'), 0:2 Osmihen (51'), 0:3 Gaetano (88'), 0:4 Politano (90'+4, Eelefmeter)

Virum Optrëtt an der Champions League géint Real Madrid huet Neapel seng zweet Victoire hannertenee gefeiert an ass nees a Schlagdistanz zum Spëtzenduo aus Mailand. Ausser dem Gol fir Neapel war an der éischter Hallschent net vill lass. Nom Osmihen sengem Gol direkt no der Paus war de Match quasi duerch, och wa Lecce sech net opginn huet. An der Schlussphas huet Neapel dunn den Deckel drop gemaach.

AC Mailand - Lazio Roum 2:0
1:0 Pulisic (60'), 2:0 Okafor (88')

An der éischter Hallschent si béid Ekippen net de Risiko siche gaangen, deen ee sech am Virfeld erwaarde konnt. Lazio koum eemol geféierlech virun de Gol, fir Milan hat de Rafael Leao déi bescht Méiglechkeeten. Den Neizougang Christian Pulisic huet mat der éischter Chance am zweeten Duerchgang den 1:0 geschoss. Duerno huet Lazio méi an de Match investéiert, hat awer net dat néidegt Gléck op senger Säit. An der Schlussphas hat Milan nees méi vum Match a konnt mam 2:0 alles kloer maachen.

Salernitana - Inter Mailand 0:4
0:1 Martinez (62'), 0:2 Martinez (77'), 0:3 Martinez (85', Eelefmeter), 0:4 Martinez (89')

De Lautaro Martinez war de Man of the match. Den Argentinier gouf an der 55. Minutt agewiesselt an huet a knapp 40 Minutte véier Goler geschoss. Inter hat staark ugefaangen, mee seng Golchancen net genotzt. Mee och Salernitana hat seng Méiglechkeeten. Nodeems de Martinez den 1:0 geschoss hat, huet Salernitana gemengt, si hätten ausgeglach, mee de Gol gouf vum VAR oferkannt. Duerno huet den Argentinier de Match fir seng Ekipp am Elenggang entscheet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Clermont - PSG 0:0

Den amtéierende franséische Meeschter léisst zwee Punkte beim Tabelleleschte Clermont leien. PSG huet wuel alles versicht, fir dräi Punkte mat Heem ze huelen, ass awer ëmmer um géigneresche Golkipp gescheitert. Mee och Clermont hat seng Chancen an huet den Donnarumma zu enger Rei Parade gezwongen. PSG ass an der provisorescher Tabell Zweeten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Girona - Real Madrid 0:3
0:1 Joselu (18'), 0:2 Tchouaméni (21'), 0:3 Bellingham (71')

Girona ass bis elo d’Iwwerraschungsekipp vun der Saison a goung als Tabellenéischten an de Spëtzematch géint Real Madrid. Girona hat och direkt eng Rei gutt Chancen, mee Joselu huet no enger genialer Viraarbecht vum Bellingham zum 1:0 eragesat. Kuerz drop hunn déi Kinneklech nogeluecht, wat bei Girona Wierkung hannerlooss huet. D’Ekipp aus Katalounien ass och staark an déi zweet Hallschent gestart, konnt hir Chancen awer net a Goler ëmmënzen. Mam 3:0 duerch de Bellingham, de Spiller vum Match, war de Match gelaf. An der Nopsillzäit huet den Nacho nach wéinst enger Tätlechkeet déi Rout Kaart gesinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO