US OpenMandy Minella a Sloane Stephens eliminéiert, Nadal en Tour weider

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass d'Mandy Minella am 1. Tour vun de US Open géint d'Belinda Bencic aus der Schwäiz ugetrueden an huet an 2 Sätz verluer.
© AFP (Archiv)

Virun dëser Partie stounge sech d'Lëtzebuerger Nummer 1 an d'Bencic schonns zweemol géigeniwwer. Béid Kéiere konnt d'Schwäizerin als Gewënnerin vum Terrain goen: 2013 war d'Minella zu Osaka mat 3:6 an 2:6 ënnerleeën an 2019 huet d'Lëtzebuergerin sech zu Stuttgart mat 2:6 a 4:6 misse geschloe ginn.

D'Bencic ass iwwerdeems bei de US Open op 13 gesat a war deemno d'Favoritin an dëser Partie. En Dënschdeg de Mëtteg géint 17 Auer eiser Zäit ass et dunn och lassgaangen an et war d'Spillerin vun der Spora déi besser an de Match komm ass. Si konnt direkt mat engem Break lassleeën. Déi 22 Joer al Schwäizerin huet sech dovun awer guer net beandrocke gelooss an huet staark zeréckgeschloen, fir den éischte Saz mat 6:3 ze gewannen, dat nodeems si mat 0:2 zerécklouch.

Am zweete Saz war d'Nummer 12 vun der Welt dunn einfach ze staark fir d'Mandy Minella. Um Enn wënnt déi 22 Joer al Schwäizerin den zweete Saz mat 6:2, esou dass d'Minella direkt am 1. Tour no 1 Stonn a 7 Minutten eliminéiert gëtt.

Weider Resultater

De Spuenier Rafa Nadal huet sech ouni Problem fir den zweeten Tour qualifizéiert, mat enger Victoire an dräi Säz, 6-3, 6-2 a 6-2 géint den Australier John Millman.

© AFP

Am zweeten Tour spillen um Mëttwoch ënnert anerem de Schwäizer Roger Federer géint den Damir Dzumhur aus Bosnien an de Serb Novak Djokovic géint den Argentinier Juan Ignacio Londero.

Bei den Dammen huet d'US-Amerikanerin Sloane Stephens, Nummer 10 op der Weltranglëscht, sech géint d’Nummer 127 Anna Kalinskaya aus Russland misse geschloe ginn, an zwee Sätz 6-3 a 6-4.

Am zweeten Tour spillen ënnert anerem d’Amerikanerinne Serena Williams géint Caty McNally an hir Schwester Venus Williams géint d’Elina Svitolina aus der Ukrain.

Back to Top
CIM LOGO