Cyclocross zu Diegem an der BelschMarie Schreiber op der 2. Plaz, Victoire fir d'Hollännerin Puck Pieterse

Tom Flammang
Beim Cyclocross zu Diegem an der Belsch, engem Nuets-Cross, konnt d'Marie Schreiber sech um Dënschdeg op der exzellenter zweeter Plaz klasséieren.
© RTL

D’Lëtzebuerger Championne war vun Ufank u gutt an der Course an huet der hollännescher Championne bis op d’Arrivée alles ofverlaangt. Schonn am éischten Tour hate sech dräi Dammen ofgesat. Nieft Pieterse a Schreiber war och nach d’Ceylin Alvarado mat dobäi. Dono konnt d’Pieterse sech e bëssen ofsetzen an ass sech eng Avance vu fofzéng Sekonnen erausgefuer. D’Marie Schreiber wousst awer op deene Passagen, wou vill Kraaft gefrot war, ëmmer nees e bëssen Zäit gutt ze maachen an ass mat eelef Sekonne Retard iwwer d’Arrivée gefuer. Déi drëtt Plaz um Podium war fir d’Alvarado. Fir d’Liv Wenzel war et déi 24. Plaz, d’Layla Barthels konnt sech ënner 76 Konkurrentinnen als 34. klasséieren.

Back to Top
CIM LOGO