
D’Lëtzebuerger Fechterin huet Enn Abrëll op engem Tournoi zu Madrid den Olympia Ticket verpasst. D’Lis Fautsch huet déi lescht 8 Joer als Sportzaldotin op héchstem Niveau gefecht.
Elo gëtt awer deelweis Plaz fir een neien Deel vum Liewe gemaach. Zanter Mäerz ass si nämlech Mamm vun engem klenge Bouf.
D’Lëtzebuergerin huet deemno déi lescht Méint Sport op héchstem Niveau a Schwangerschaft probéiert ze kombinéieren. Wéi si dat erlieft huet a wéi et an Zukunft viru geet, huet si dem Franky Hippert a Jeff Kettenmeyer verroden.
Dës Woch ass d’Lis Fautsch Invitée am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.
