ITF-DenainMolinaro eliminéiert Tête de série Nummer 1 am 2. Tour

RTL Lëtzebuerg
D'Eléonora Molinaro huet beim ITF-Tournoi zu Denain a Frankräich fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt.
© pressphoto Archiv

Déi jonk Lëtzebuergerin huet am 2. Tour d'Chinesin Shilin Xu mat 6:1 a 7:5 eliminéiert, déi bei dësem Tournoi op1 gesat war. Am 1. Tour hat d'Molinaro schonns d'Lokalmatadorin Armitano mat 6:4 a 6:0 eliminéiert.

An der Véierelsfinall kritt d'Lëtzebuergerin et elo mam Maria Fernanda Herazo aus Kolumbien ze dinn, déi d'Harmony Tan aus Frankräich bezwénge konnt.

Back to Top
CIM LOGO