
Um ITF-Tournoi zu Gonesse gewënnt d'Eleonora Molinaro géint d'Spuenierin Rebeka Masakova mat 6:2, 2:6 a 6:4. Dëst ass domadder den 3. Titel deen d'Lëtzebuergerin um ITF-Tournoi feiere konnt. Dobäi konnt d'Molinaro schonn d'lescht Joer dëst Turnéier zu Gonesse gewannen a verdeedegt domadder hiren Titel.