Vëlossport: Tour de LombardiePaul Seixas gewënnt en solitaire

RTL Lëtzebuerg
De Paul Seixas ass mat sengen 20 Joer dee jéngste Coureur an der Geschicht deen ee vun deene gréisste Monumenter am Vëlossport ka fir sech entscheeden.
Decathlon CMA CGM Team’s French rider Paul Seixas celebrates winning the 120th edition of the Giro di Lombardia (Tour of Lombardy) between Bergamo and Como on October 10, 2026. (Photo by Marco BERTORELLO / AFP)
De Paul Seixas ass déi lescht 17 Kilometer eleng un der Spëtzt gefuer.
© AFP

E Samschdeg ass et op der 120. Editioun vum italieenesche Klassiker iwwer 239 Kilometer vu Bergamo op Como gaangen. De Paul Seixas vum Team Decathlon CMA CGM feiert bei der Tour de Lombardie säi gréissten Erfolleg a senger nach jonker Karriär. No 5 Stonnen, 49 Minutten an 28 Sekonne fiert de Seixas iwwert de wäisse Stréch. No 2018 ass et iwwerhaapt réischt dee zweete Fransous nom Thibaut Pinot deen de Tour de Lombardie ka fir sech entscheeden.

Mat um Podium stinn de Spuenier Enric Mas (Movistar Team) an den Italieener Giulio Ciccone, dee seng leschte Course fir Lidl-Trek gefuer ass. De Remco Evenepoel fiert op déi 4. Plaz.

Déi lescht 5 Editiounen vun der Tour de Lombardie hat jeeweils den EX-Weltmeeschter Tadej Pogacar gewonnen. De Slowen war dëst Joer wéinst enger Chutte bei der Vuelta awer net mat um Depart. An esou gouf et säit dem Jakob Fuglsang 2020 mam Paul Seixas mol nees een anere Gewënner wéi den Tadej Pogacar.

18 Kilometer virun der Arrivée gouf de leschte Coureur vun der Echappée vum Dag, de Michael Leonard (EF Education EasyPost) vum Grupp mat all de Favoritte gestallt. Just an deem Moment huet de Paul Seixas den Tempo un der Spëtzt ugezunn. De grousse Favorit Remco Evenepoel (Red Bull-Bora-hansgrohe), konnt no 2 zweete Plaazen am Joer 2024 a 2025, zu dësem Zäitpunkt net mei mathalen an huet misse lass loossen. Nieft dem Europameeschter huet och de frësch gebakene Weltmeeschter Brandon McNulty an den Isaac Del Toro den Tempo vum Fransous net mei konnte matgoen.

3 Coureure waren eng 17 Kilometer virun der Arrivée eleng un der Spëtzt. Et waren dat de Paul Seixas, den Italieener Giulio Ciccone an de Spuenier Enric Mas. Alt ze laang sollt et awer net daueren, an de Paul Seixas huet sech och vu senge leschten 2 Matstreider ofgesat.

De Fransous vum Team Decathlon CMA CGM huet an der Schlussphase näischt méi ubrenne gelooss a feiert mat 20 Joer säin bis ewell gréissten Erfolleg a senger nach jonker Karriär.

D'Klassement

1 SEIXAS Paul Decathlon CMA CGM Team 5:49:28
2 MAS Enric Movistar Team 0:48
3 CICCONE Giulio Lidl – Trek 1:05
4 EVENEPOEL Remco Red Bull - BORA – Hansgrohe 1:20
5 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates – XRG ,,
6 PIDCOCK Tom Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
7 BILBAO Pello Bahrain – Victorious ,,
8 SCARONI Christian XDS Astana Team ,,
9 ZANA Filippo Soudal Quick-Step ,,
10 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,

Back to Top
CIM LOGO