
Frankfurt - Gladbach 1:0
1:0 Da Costa (45+1'), 1:1 Zakaria (82')
An der éischter Hallschent hunn d'Spectateuren en zimmlech ausgeglachene Match gesinn, an där bis kuerz viru Schluss awer kee Gol gefall ass. Do konnt den Da Costa no engem Corner nämlech am schnellste reagéieren an d'Lokalekipp aus kuerzer Distanz a Féierung bréngen. Nom Säitewiessel hunn d'Gäscht dann op den Ausgläich gedréckt an de Wee a Richtung Gol gesicht. An der 82. Minutt sinn d'Beméiungen dann och belount ginn. Am Numm vum Zakaria konnt Gladbach zum 1:1 ausgläichen an zum Schluss och ee Punkt au Frankfurt mat Heem huelen.
Leverkusen - Düsseldorf 2:0
1:0 Havertz (18'), 2:0 Bailey (66')
Mat enger Victoire am Réck ass Düsseldorf op Leverkusen komm, ma et sollt net laang daueren et 1:0 fir d'Lokalekipp stoung. An der 18. Minutt war et den Havertz, deen d'Werkself a Féierung brénge konnt. Dem Gaascht aus Düsseldorf sollt et awer net méi geléngen de Réckstand opzehuelen a sou huet de Bailey de Match an der 66. Minutt mat sengem Gol zum 2:0 entscheet. Leverkusen gewënnt also fir déi 5. Kéier hannerteneen a spréngt domat op déi 5. Plaz an der Tabell
Caen - Stroossbuerg 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - Girona 1:2
1:0 Casemiro (25'), 1:1 Stuani (65'), 1:2 Portu (75')
Am spuenesche Championnat huet Real Madrid um Sonndeg e weidere Réckschlag missen astiechen. Och wann déi Kinneklech duerch de Casemiro an der 25. Minutt a Féierung goe konnten, konnt d'Ekipp aus Girona de Réckstand an der zweeter Hallschent ophuelen an de Match souguer nach fir sech entscheeden. An der 65. Minutt war et fir d'éischt de Stuani, an der 75. Minutt dann nach de Portu, déi hirer Ekipp mat de Goler zu der Victoire verhëllefe konnten.
Villareal - FC Sevilla 1:0
1:0 Alvaro (20')
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Genoa - Lazio 2:1
0:1 Badelj (44'), 1:1 Sanabria (75'), 2:1 Criscito (90+3')
Inter - Sampdoria 2:1
1:0 D'Ambrosio (73'), 1:1 Gabbiadini (76'), Nainggolan (78')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga