
D'Route du Vin ass ee vun deene schéinste Semi-Marathonen an Europa an zitt all Joer iwwer 1500 Leefer un den Depart.
Dëst Joer sinn 1300 Leit zu Réimech ukomm an dorënner och eng ganz Rei Leefer am Dress vun RTL a Peters Sport.
Am Kader vun dëser Aktioun ass, ënnert all deene Leefer déi sech fir RTL Runners Team ageschriwwen hunn an och am RTL Dress gelaf sinn, e Gewënner gezu ginn.
De Gewënner vun engem komplette Lafequipement (Maillot, Legging, Jacket) offréiert vu Peters Sport ass den: Dossard n° 888 an enger Zäit vun 02:03.22

NEWS: Meeschtertitel am Semi-Marathon fir Bob Bertemes a Martine Mellina