Iresch MedienRyan Johansson entscheet sech fir Irland a géint d'Rout Léiwen

RTL Lëtzebuerg
D'Zukunft vum jonke Futtballer Ryan Johansson, wat d'Nationalekipp ugeet, soll decidéiert sinn. Hie soll an Zukunft fir Irland spillen.

Laang war onkloer, fir wéi eng Futtball-Nationalekipp de Ryan Johansson an Zukunft wëllt spillen. Schweden, Irland a Lëtzebuerg sinn a Fro komm. Bei den U-Ekippen huet hie fir déi dräi Länner gespillt. Um Samschdeg soll elo eng Decisioun gefall sinn.

Iresch Medien hunn nämlech gemellt, datt de Johansson, deen an der U19 vu Bayern München spillt, an Zukunft fir Irland wëllt spillen. Seng Mamm huet dat der irescher Zeitung "independent.ie" bestätegt.

LINK: Artikel vum Independent

Back to Top
CIM LOGO