GewiichthiewenSchwéier Gewiichter, kleng Länner

RTL Lëtzebuerg
Obwuel d'Gewiichthiewen Olympesch ass, stoung et bis elo eréischt 2 Mol um Programm vun de Spiller vun de klenge Länner.
Schwéier Gewiichter, kleng Länner
Obwuel d’Gewiichthiewen Olympesch ass, stoung et bis elo eréischt 2 mol um Programm, vun de Spiller vun de klenge Länner.

Zanter 44 Joer organiséieren d’Stemmer hier eege Spiller. An do fält et op wéi staark souwuel d’Participatioun, wéi och d’Performancë vun de Fraen an de leschte Joren zougeholl hunn, an dat ass och en internationale Phänomen.

D’Muriel Schu ass eng vun den Damen, déi eng Passioun fir d’Gewiichthiewen entwéckelt huet. Virun 1 Mount hat d’Athletin gläich 5 national Rekorder opgestallt, an ass ganz no un der Qualifikatiounsnorm fir d’Europameeschterschaft.

Den Zouwuess vun der Bedeelegung vun de Fraen um Stemme léisst sech zum Deel duerch d’Popularitéit vum Crossfit erklären. Verschiddener wiessele vun dëser Fitness-Aktivitéit déi mat verschiddenen Apparater praktizéiert gëtt, op d’Gewiichthiewen, wou d’Technik eng wichteg Roll spillt. D’Entwécklung vum gesellschaftleche Bild vun der Fra, spillt och eng Roll.

Muer geet et dann zu Diddeleng weider mam Challenge Deville, mat de selwechte Länner, an zousätzlech der Schwäiz.

Back to Top
CIM LOGO