
Géint déi grouss gewuessen Tschechen - ee vun de Spiller ass mat 2m12 de gréisste Spiller vum Tournoi - hunn d' Lëtzebuerger mat enger Duerchschnëttsgréisst vun 184 cm net déi richteg Léisunge fonnt. Ze wéineg Drock mam Service huet den Tschechen all Méiglechkeeten gelooss, fir hir Offensiv auszespillen. Dobäi hat och de Lëtzebuerger hir Receptioun net de beschten Dag erwëscht.
Och wann Tschechen als Favorit vun der Pool B gëllen, war fir déi jonk rout Léiwen méi ewéi en 11-25, 14-25 an 15-25 dran.
Muer spillt Lëtzebuerg, nees um 16h30, géint Ungarn déi och mat 0-3 géint Slowenien verluer hunn.
An der Pool A huet Israel mat 3-1 géint Slowakei gewonnen an Éisträich klappt Zypern mat 3-0.