US OpenSerena Williams an Novak Djokovic een Tour weider

RTL Lëtzebuerg
Bei de US Open zu New York hue d’Serena Williams sech an dräi Sätz 5-7, 6-3 a 6-1 géint hir Géignerin Caty McNally duerchgesat.

An der drëtter Ronn ass och d’Australierin Ashleigh Barty, no enger Victoire an zwee Sätz géint d’Amerikanerin Lauren Davis.

Bei den Hären ass de Serb Novak Djokovic eng Ronn weider no enger Victoire an dräi Sätz géint den Argentinier Juan Ignacio Londero.

Den Novak Djokovic hat mat Péng a senger lénkser Schëller ze kämpfen
Den Novak Djokovic hat mat Péng a senger lénkser Schëller ze kämpfen

Well et vill gereent huet, hunn eng Partie Matcher vun der zweeter Ronn missen ënnerbrach, respektiv op en Donneschdeg verluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO