WimbledonSerena Williams gëtt wéinst enger Blessur op

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Serena Williams ass den drëtte Grand-Slam-Tournoi vum Joer schonn no der 1. Ronn eriwwer.

Déi 23-fach Grand-Slam-Gewënnerin huet zu Wimbledon an hirem Match géint d’Aliaksandra Sasnowitsch (Belarus) beim Stand vun 3:3 am éischte Saz missen opginn, dat nodeems si zweemol ewechgerutscht war. Nom éischten Ausrutscher hat d’US-Amerikanerin ee Medical Time-out geholl, ma kuerz drop huet si ënner Tréine mussen opginn.

Back to Top
CIM LOGO