
De Lionel Messi huet säi Récktrëtt aus der argentinescher Nationalekipp annoncéiert. Op de Soziale Medien huet de Weltmeeschter vun 2022 matgedeelt, datt hien no "villen Iwwerleeungen" ophale géif. "Et war eng Decisioun, déi wéigedoen huet, ma ech verstinn, datt d'Zäit fir mech komm ass." Den Text fir säi Récktrëtt soll hien deemno schonn zwee Deeg no der WM-Finall geschriwwen hunn, déi Argentinien am Juli mat 0:1 géint Spuenien verluer huet.
2016 hat de Lionel Messi schonn eemol säi Récktrëtt aus der Nationalekipp annoncéiert. Deemools hat Argentinien grad d'Finall vun der Copa America am Eelefmeterschéisse géint Chile verluer. Fir de Messi, dee selwer säin Eelefmeter verschoss huet, war dat déi véiert Finall-Defaite. Nëmme sechs Woche méi spéit konnt hien awer nees ëmgestëmmt ginn an huet am spéidere Verlaf nach zwee Mol d'Copa America (2021 an 2024) an eemol de Weltmeeschtertitel (2022) fir säin Heemechtsland gewonnen.
Aktuell spillt de mëttlerweil 39 Joer ale Weltstar nach fir Inter Miami an der US-amerikanescher Major League Soccer (MLS).