Zanter dësem Weekend leeft de Ball nees an der 1. Bundesliga. Fir den Optakt an déi nei Saison huet den SC Freiburg sech mat engem staarke 4:1 géint Bremen duerchgesat. An der Ligue 1 huet donieft den FC Paris mat engem 3:0-Succès géint den OGC Nice een Ausruffzeeche gesat.
A Spuenien kann och Real Madrid vun engem perfekten Saison-Optakt schwätzen. Am drëtte Match gouf et mat engem 4:0 géint den Opsteiger Malaga och déi drëtt Victoire. Och Chelsea huet sech mat engem 4:3 doheem géint Brighton déi zweet Victoire am zweete Match geséchert.
Freiburg - Bremen 4:1
1:0 Suzuki (55'), 2:0 Matanovic (45'), 3:0 Suzuki (48'), 4:0 Suzuki (55'), 4:1 Stalmach (76')
Freiburg huet fir den Optakt vun der neier Saison virun den eegene Spectateure mat 4:1 géint Bremen gewonnen. No enger ausgeglachener Ufanksphas war et an der 29. Minutt de Yuito Suzuki, deen no engem Corner mam Kapp op 1:0 stelle konnt. Bremen war duerno zwar beméit, ma Freiburg war effektiv. Kuerz virun der Paus ass dem SCF dann nach duerch e Schoss aus ronn 25 Meter am Numm vum Igor Matanovic den 2:0 gelongen. Nom 3:0 an der 48. Minutt an dem 4:0 an der 55. Minutt, zwee Mol duerch de Suzuki, war de Match da scho fréi sou gutt wéi entscheet. De Gol vum Stalmach an der 76. Minutt sollt just nach eng Nieweroll spillen.
Augbsurg - Schalke 3:0
1:0 Gregoritsch (18'), 2:0 Kade (79'), 3:0 Ribeiro (90+2')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Chelsea - Brighton 4:3
1:0 Lavia (4'), 2:0 Neto (14'), 3:0 Pedro (32'), 3:1 Yalcouyé (35'), 3:2 Pedro (63'), 4:2 Palmer (74'), 4:3 Groß (90+6')
Chelsea war immens gutt an de Match gestart a louch no enger gudder hallwer Stonn scho mat dräi Goler a Féierung. Duerch den 1:3 vum Yalcouyé an den 2:3 duerch ee Selbstgol vum Joao Pedro war de Match 25 Minutte viru Schluss mam Stand vun 3:2 op eemol nees spannend. De Cole Palmer sollt dann awer an der 74. Minutt op 4:2 stellen an de 4:3 duerch de Pascal Groß an der 96. Minutt koum ze spéit, fir Brighton nach ee Punkt ze sécheren. Fir Chelsea ginn et also déi zweet dräi Punkten an dëser Saison.
Manchester United - Ipswich 5:2
0:1 Davis (29'), 1:1 Fernandes (40'), 2:1 Greaves (56'), 3:1 Fernandes (61'), 4:1 Fernandes (68'), 5:1 Mbuemo (82'), 5:2 Akpom (90+1')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Neapel - Como 1:2
0:1 Baturina (17'), 0:2 Höjlund (30'), 1:2 Douvikas (34')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
FC Paris - Nice 3:0
1:0 Sinayoko (21'), 2:0 Chergui (51'), 3:0 Marchetti (89')
Rennes - Le Mans 3:2
1:0 Lepaul (5'), 2:0 Rongier (26'), 2:1 Mafouta (30'), 2:2 Mafouta (54'), 3:2 Lepaul (90+8')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Real Madrid - Malaga 4:0
1:0 Bellingham (19'), 2:0 Herrero (26'), 3:0 Mbappé (30'), 4:0 Güler (90+1')
Real Madrid ass perfekt an déi nei Saison gestart. Och am drëtte Match gouf et fir déi Kinneklech déi dräi Punkten. Duerch de Bellingham, ee Selbstgol an ee Gol vum Mbappé stoung et schonn an der Paus 3:0. An der zweeter Hallschent konnt den Opsteiger Malaga da keng Reaktioun dorop weisen a sou gouf dës Féierung sécher iwwer d'Zäit bruecht.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga