EM-QualifikatiounSlowenien mat wichteger Victoire, Ungarn klappt Serbien

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war den Ofschloss vum 7. Spilldag an der Qualifikatioun fir d'EM 2024 an Däitschland.
© AFP

Am Grupp C huet Italien seng Aufgab gemaach a sech déi dräi Punkte géint Malta geséchert. D’Ukrain mécht den Italiener op der 2. Plaz awer weider Drock. Mat enger 2:0-Victoire géint Nordmazedonien sti si punktgläich, ma mat engem Match méi op der 3. Plaz vun der Tabell.

Am Spëtzenduell vum Grupp G gouf et dann e Succès fir Ungarn, déi sech mat 2:1 géint Serbien behaapt hunn an domat d’Tabelleféierung verdeedegen.

Am Grupp H huet Slowenien verdéngt mat 3:0 géint Finnland gewonnen an ass domat um beschte Wee sech déi éischte Kéier zanter dem Joer 2000 nees fir eng EM ze qualifizéieren.

Grupp C

Italien - Malta 4:0
1:0 Bonaventura (22'), 2:0 Berardi (45+1'), 3:0 Berardi (63'), 4:0 Frattesi (90+3')

Italien huet am Match géint Malta näischt ubrenne gelooss. No 22 Minutte konnt de Bonaventura de Gol zu der Féierung markéieren. Zwee Goler vum Berardi hunn de Match dann entscheet an um Enn wannen d’Italiener ouni grousse Spektakel eng Partie déi dräi wichteg Punkte bréngt.

Ukrain - Nordmazedonien 2:0
1:0 Sudakov (30'), 2:0 Karavaev (90+5')

Grupp G

Ungarn - Serbien 2:1
1:0 Varga (20'), 1:1 Pavlovic (33'), 2:1 Sallai (34')

Ungarn bleift no enger 2:1-Victoire géint Serbien mat dräi Punkte Virsprong an engem Match manner un der Tabellespëtzt vum Grupp G. Zwar konnt de Gaascht aus Serbien eng Äntwert op den éischte Géigegol weisen. Den Ausgläich war allerdéngs net laang vu Relevanz, dat well de Sallai nëmmen eng Minutt méi spéit nees d’Féierung hierstelle konnt. Um Enn sollt dat duergoe fir de Match ze entscheeden.

Bulgarien - Litauen 0:2
0:1 Sirvys (45'), 0:2 Sirvys (55')

Grupp H

Slowenien - Finnland 3:0
1:0 Sesko (16'), 2:0 Sesko (28'), 3:0 Janza (90+2')

Slowenien huet e wichtege Schratt a Richtung EM 2024 gemaach. Virun den eegene Spectateuren hu si sech mat 3:0 géint Finnland duerchgesat a stinn domat als Tabelleleader elo véier Punkte virun der drëtter Plaz. Zwee Goler vum Sesko, dorënner een Eelefmeter, hu fir déi verdéngt slowenesch Féierung gesuergt. Finnland huet ni richteg an de Match fonnt a konnt keng Äntwert op de Réckstand weisen. An der Nospillzäit huet de Janza da mat sengem Gol den Deckel drop gemaach an d’Victoire definitiv geséchert.

Dänemark - Kasachstan 3:1
1:0 Wind (36'), 2:0 Skov (45+1'), 3:0 Skov (48'), 3:1 Vorogovskiy

Nordirland - San Marino 3:0
1:0 Smyth (5'), 2:0 Magennis (11'), 3:0 McMenamin (81')

Back to Top
CIM LOGO