Mesurë gi verlängertSportswelt weiderhin op Äis geluecht

RTL Lëtzebuerg
Nodeems déi aktuell Corona-Mesurë bis de 15. Januar solle verlängert ginn, heescht dat och, datt de Lëtzebuerger Sport weider stëll steet.

U sech sollt zum Beispill den 10. Januar nees Futtball gespillt ginn, wat an deem Fall net méiglech wäert sinn.

Donieft zielt och fir déi aner Sportaarten, déi eigentlech wëlles haten, fir nees am Januar unzefänken, datt d’Chancë kleng sinn, well een de Veräiner och eng gewëssen Zäit Preparatioun op d’Reprise an den eenzele Sportaarte well loossen.

D’FLBB huet matgedeelt, datt duerch d’Verlängerung vun de Mesuren de Start vun der Saison net de 16. Januar ka sinn. Et géing een elo mat de Veräiner diskutéieren, wéi et soll virugoen.

RTL-News: Xavier Bettel a Paulette Lenert: “Et ass net den Ament, fir Restriktiounen ofzeschafen”

Back to Top
CIM LOGO