Xavier Bettel a Paulette Lenert"Et ass net den Ament, fir Restriktiounen ofzeschafen"

Roy Grotz
Dat sot de Premier Xavier Bettel de Mëttwoch de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot.
"Et ass net den Ament, fir Restriktiounen ofzeschafen"
Dat sot de Premier Xavier Bettel de Mëttwoch de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot.

Hien an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn ënnerstrach, datt d’Zuelen däitlech ze héich sinn, fir d’Moossname manner streng ze maachen.

Aus 3 Woche gi 7 Wochen - Rep. Pit Everling

Bis de 15. Januar bleift et dofir dobäi, datt ee just zwee Leit aus engem Stot dierf invitéieren. Den Horesca-Secteur, Theateren a Kinoe mussen zoubleiwen an och d’Ausgangsspär bleift bestoen. D’Kontakter misste weider limitéiert ginn.

Et gëtt en anert Enn vum Joer wéi soss, esou d’Paulette Lenert. Och wann een nach ëmmer zwou Persounen dierf invitéieren, seet d’Ministesch, soll een idealerweis net zesummefeieren.

Et kommen och Prezisioune fir déi grouss Akafszentren. Akafszentre mat Galerie marchande mussen en Hygièneskonzept ausschaffen an et gëtt verbueden, fir an der Galerie vun engem Akafszenter ze iessen an ze drénken, well ee soss op enger Plaz ass, wou vill Leit sinn, kee Mask unhuet.

De Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hu betount, datt Akafe goe souwisou keng Fräizäitbeschäftegung an och kee Weekendausfluch dierf sinn. Dat misst jidderee verstoen. Et soll een dat akafe goen, wat ee brauch an dann erëm goen.

Alles an allem wier d’Ausgangssituatioun fir d’Feierdeeg an och fir de Wanter net gutt. De Virus wier nach ëmmer ganz staark present an all eenzele géif riskéieren, de Virus weider ze ginn.

Wat d’Fermeture vum Horesca-Secteur betrëfft, huet d’Paulette Lenert nach präziséiert, datt et net de Restaurant als Etablissement ass, deen e Risiko ass, mä éischter de Kontakt mat deenen anere Leit um Dësch.

Back to Top
CIM LOGO