
D’Flam vun der Hoffnung op de Klassenerhalt glëmmt weider op Schalke. Déi Kinneksblo gewannen a leschter Minutt 2:1 géint Bremen. Werder war fréi a Féierung gaangen an hat weider gutt Chancen, den 2:0 virun der Paus ze markéieren. Schalke ass wéi ausgewiesselt aus der Kabinn komm an huet sech no enger méi schwéierer Ufanksphas ëmmer nees Golchancen erausgespillt, wat an der 81. Minutt mam Ausgläich belount gouf. Nodeems Bremen an der Nospillzäit den 2:1 um Fouss hat, huet Schalke op der anerer Säit an der 92. Minutt seng Chance genotzt an den decisive Gol geschoss.
Freiburg gewënnt 1:0 zu Köln, entféiert dräi Punkten an ass elo punktgläich mat Union Berlin op Plaz 3. An der éischter Hallschent ware béid Ekippen zweemol geféierlech virum géigneresche Gol opgedaucht, konnten déi Chancen awer net notzen. Zéng Minutten nom Säitewiessel huet de Sportclub den decisive Gol geschoss an hat eng weider Méiglechkeet, fir ze erhéijen. Duerno huet Köln d’Kontroll vum Match iwwerholl a sech eng Rei gutt Chancen erausgespillt, déi awer net vun Erfolleg gekréint waren.
Union Berlin a Leverkusen trenne sech 0:0. Et war e Match, dee vill vun Taktik gepräägt war, an deem Union besser an de Match fonnt hat, mee och Leverkusen no e bëssen Ulaf matgespillt huet. An der éischter Hallschent gouf et net vill Golchancen, wat sech am Ufank vun den zweete 45 Minutten awer ännere sollt. Nodeems béid Ekippen e puermol virum géigneresche Gol opgedaucht waren, ass de Match nees verflaacht. Soumat gouf et leeschtungsgerecht Gläichspill.
Stuttgart setzt sech mat 2:1 géint Gladbach duerch a sammelt wichteg Punkten, fir an der Bundesliga ze bleiwen. De VfB war richteg gutt an de Match gestart an hat no 15 Minutte schonn dräi gutt Golchancen ze verbuchen. Kuerz drop sollt den éischte Gol fir Stuttgart falen a Stuttgart hat och bis zur Paus déi besser Chancen. Gladbach ass duerch en Handeelefmeter zeréck an de Match komm, mee kuerz drop sollt e strittegen Eelefmeter fir d’Heemekipp fir den 2:1 suergen, dee Stuttgart iwwer d’Ronne gerett krut.
Leipzig klappt Hoffenheim mat 1:0 an hält Leverkusen am Kampf ëm Plaz 5 op Distanz. RB war vun Ufank un am Match an hat schonn no zwou Minutten déi éischt gutt Golchance. D’Heemekipp ass weider ugerannt an den Nkunku huet an der 28. Minutt fir Leipzig markéiert. No der Paus huet Leipzig seng Dominanz kontrolléiert ausgespillt a sech e puer weider gutt Golchancë kreéiert an domat verdéngt gewonnen.
Frankfurt an Augsburg spillen 1:1 gläich, wouduerch Augsburg ee wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig sammelt. D’Heemekipp war no 25 Minutten duerch en Eegegol vum Rexhbecaj a Féierung gaangen, mee soss huet de Match sech haaptsächlech am Mëttelfeld ofgespillt. An der zweeter Hallschent huet Augsburg besser erafonnt a konnt no knapp 60 Minutten den Ausgläich markéieren. Duerno war d’Loft aus dem Match eraus a béid Ekippe ware mam Gläichspill zefridden.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.