WimbledonTitelverdeedegerin Kerber an 2. Ronn vun Davis eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Och um Donneschdeg hu weider weider Favoritte beim Grand Slam zu London missen "Äddi" soen.
© AFP

Dorënner och d'Titelverdeedegerin Angélique Kerber, déi op Plaz 5 an der Weltranglëscht steet. En Donneschdeg war dunn am 2. Tour awer schonns Schluss fir déi däitsch Nummer 1, si war nämlech der Amerikanerin Lauren Davis mat 6:2, 2:6 an 1:6 ënnerleeën. D'Davis steet op der Plaz 95 an der Weltranglëscht.

Och fir d'Roland-Garros-Halleffinalistin Amanda Anisimova ass d'Aventure Wimbledon schonns eriwwer nom 2. Tour. Do huet déi jonk Amerikanerin nämlech mat 4:6 a 5:7 géint d'Magda Linette aus Polen verluer.

Bei den Häre war et iwwerdeems d'Aus fir den John Isner. Den Halleffinalist aus dem leschte Joer huet sech relativ iwwerraschend mat 4:6, 7:6, 6:4, 1:6 a 4:6 dem Mikhail Kukushkin aus dem Kasachstan misse geschloe ginn.

Minella och am Dubbel eliminéiert

En Donneschdeg den Owend gouf et fir d’Lëtzebuergerin mat hirer britescher Partnerin Heather Watson, am éischten Tour eng 3-Saz-Néierlag géint den ukrainesch-amerikaneschen Duo Atawo-Kichenok.

Back to Top
CIM LOGO